arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "En français s'il vous plaît": D'Franséisch kämpft mat engem schlechte Ruff

Dag vun der Francophonie

|
reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow

"En français s'il vous plaît": D'Franséisch kämpft mat engem schlechte Ruff

Haut ass den Internationalen Dag vun der Francophonie. Zu Lëtzebuerg awer net onbedéngt ee Grond fir ze feieren, well déi franséisch Sprooch sech am Grand-Duché an enger Zort Kris befënnt. Esou wäit verbreet wéi nach virdrun, schéngt d'Franséisch ëmmer méi e schlechte Ruff ze kréien.

reading time

5 min

headphones

14 min

play_arrow
Jean-Claude Frisch | © Radio 100,7
Jean-Claude Frisch (Foto: Radio 100,7)

Och wann d’Wuert 'Kris' schonn e bësse “krass” wier, esou géif et den Zoustand vun der franséischer Sprooch hei am Land richteg beschreiwen. Dat mengt allefalls de pensionéierte Franséischproff Jean-Claude Frisch. Hie war laangjärege President vun der Programmkommissioun fir déi klassesch Lycéeën a sengem Fach a Grënnungsmember - a bis viru fënnef Joer och President - vun der Associatioun vun de Franséischproffen zu Lëtzebuerg.

Méisproochegkeet kéint aus dem "Equiliber" geroden

Et ginn eng Partie Indicen, déi dës Kris vun der Sprooch ënnermaueren. Ëmmer méi Schüler:inne loossen – wa si dann de Choix hunn – d’Franséisch ewech. Et ginn och ëmmer manner jonker a Frankräich studéieren. De Jean-Claude Frisch betount doriwwer eraus, datt d’Sprooch fir vill Schüler:innen e “Stolpersteen” ass.

Datt d’Méisproochegkeet dem Land géif guttdoen, dat wier ausser Fro, esou de fréierer Franséischproff. Mee d’Situatioun géif “e bëssen aus dem Equiliber” geroden.

“Ech hu jo och d'Hoffnung net opginn, datt iergendwann dat sech vläicht erëm eng Kéier méi stabiliséiert. Et gesäit zwar effektiv de Moment net esou derno aus, mee bon, dat weess ee jo ni.”

Nom Zweete Weltkrich déi méi populär Sprooch

Datt et fir Lëtzebuerger méi einfach ass, Däitsch ze léieren, dat wier normal, esou de Jean-Claude Frisch, schliisslech läit dat Lëtzebuergescht dem Däitsche ganz no. Nom Zweete Weltkrich huet déi franséisch Sprooch och vum Haass vis à vis vun den Däitsche profitéiert, erkläert hien.

“Et waren éischtens emol vill Leit, déi a Frankräich Famill haten oder gutt bekannte Frënn an esou weider. An virdru ware jo och scho Leit do op der Universitéit. Do ware Verbindungen do, dat war wichteg.”

Elo ass dat Franséischt esou present wéi wuel nach ni virdrun. Egal ob an engem Geschäft, engem Restaurant oder villäit beim Dokter: Quasi ëmmer gëtt ee mam Franséische konfrontéiert.

Schlechte Ruff vum Franséischen "net verwonnerlech"

D’Gefill kënnt awer op, datt jee méi d’Sprooch present ass, desto manner se appreciéiert gëtt. Dat Gefill deelt och de Jean-Claude Frisch. Hien nennt am 100,7-Interview ee konkret Beispill.

“Et ass och ganz kloer an enger Klinick zum Beispill, wa krank Leit dohinner kommen, déi si schonn an enger schlechter Situatioun. Wann déi dann net an hirer Mammesprooch kënne mam Dokter oder mat der Infirmière schwätzen, da gëtt dat méi komplizéiert.”

Wann een dann an engem Buttek oder Restaurant mat "en français s'il vous plaît" ugeschwat gëtt, géif dat och net hëllefe fir Sympathiepunkten ze sammelen. 

Esou gesi wier den negative Ruff vum Franséischen “net verwonnerlech”, mengt de fréiere Proff.

Franséisch an der Schoul: "Et ass villes probéiert ginn"

Ass villäicht och ee Moment verpasst ginn, fir d'Aart a Weis, wéi Franséisch enseignéiert gëtt, ze iwwerdenken, ze hannerfroen a villäicht méi modern ze gestalten?

Et wier Villes probéiert ginn, betount de Jean-Claude Frisch. Ënner anerem hätt een zu engem gewësse Moment nees méi Wäert op den Oral geluecht. Ob dat e gudde Choix war, bezweifelt hie mëttlerweil.

“Haut, wa mir eis ënner Kolleege gesinn, da froe mir eis heiansdo: Hätte mir et net solle si loossen?”

Wat d’Material fir ze liesen ugeet, do héiert een dacks, datt déi däitsch Jugendliteratur méi attraktiv ass, wéi déi franséisch. Eng Aschätzung, déi de Jean-Claude Frisch deelt. Hie mécht awer drop opmierksam, datt d’Verständnis vun der Sprooch dacks e Problem ass.

“De Problem ass, wat d'Schüler konnte verstoen, vum Verständnis vun der franséischer Sprooch. Dat huet hinnen oft net erlaabt Bicher, déi scho méi interessant gewiescht wieren, ze verstoen, wärend dat am Däitschen awer gaang ass. Do verstinn ech awer déi Jugendlech komplett, datt déi soen: ‘Wann ech mir dat selwecht kann uliesen op eng méi agreabel Manéier, da maachen déi dat natierlech."

D'Relevanz vu Frankräich a Fro gestallt

Mëttlerweil konkurréiert dat Franséischt net just mam Däitschen, mee och mam Engleschen. Eng Sprooch, déi dacks als “cool a modern” bezeechent gëtt.

Den Afloss vun de Soziale Medie spillt de Jean-Claude Frisch erof. Dat sollt een net als Excuse huele, firwat dat Franséischt u Beléiftheet verléiert, esou de fréiere Proff.

De Jean-Claude Frisch observéiert och, datt am Alldag d’Lëtzebuerger dem däitschsproochege Raum méi no sinn, an deemno och hir Intressien.

“D'Bundesliga, déi ass nach ëmmer virun der Ligue 1 a Frankräich, an och wann de PSG eng Kéier d'Champions League gewonn huet, da geet dat net duer, fir de Bayern d'Waasser ze reechen.”

A Saache Musek kéint dat Franséischt dem Engleschen d’Waasser net reechen.

Alphabetisatioun op Franséisch eng Chance mat Risiken

Kann d’Alphabetisatioun op Franséisch un deem ganzen Trend eppes änneren?

“Wann d'Alphabetisatioun op Franséisch do sollt eng Léisung kënne bréngen, da musse mir et probéieren. Ech erënnere mech, datt d'Madamm Brasseur, wéi si Unterrechtsminister war, schonn un d'Saach geduecht huet, virun iwwer 20 Joer.”

D’Gesellschaft dierft awer net “auserneebréckelen”, warnt de Jean-Claude Frisch. “Déi Evolutioun, wann déi och nach op dat Englescht eriwwer spréngt, da kréie mir e Problem”, esou nach de pensionéierte Franséischproff.

 

play_arrow Lauschteren