An zwar déi, ob dës Klimaziler vun der EU wierklech wäerten agehal kënne ginn.
De Kär vun der Reform ass datt gratis ETS-Zertifikater an Zukunft verlängert ginn.
Eigentlech gesäit de System vir, datt Betriber fir hier CO2-Emissioune mussen opkommen andeems si Zertifikater kafe mussen. Gratis Zertifikater goufe fir grouss Konzerner agefouert – aus Angscht, datt se hier Produktioun an Drëttstaate géinge verlagere falls se bannent der EU ze vill missten an d’Täsch gräifen. Iwwerdeems war d’Hoffnung, datt en Deel vum zousätzleche Gewënn vun deene Betriber an d’Energietransitioun investéiert géing ginn. Dat ass awer net geschitt.
WWF: "Déi, déi näischt gemaach hunn, ginn nach belount"
Elo sollen dee Prinzip also bis 2040 verlängert ginn, ënnert der Konditioun allerdéngs, datt d’Keefer en Deel vun hirem Gewënn an d’Energietransitioun mussen investéieren.
D’Ëmweltschutzorganisatioun WWF kritiséiert dat. Et géing een deene Betriber entgéint kommen, déi bis elo nach keen Effort gemaach hunn, fir op gréng Energien ëmzeklammen, seet d’Camille Maury vu WWF-Europa.
"Les secteurs couverts par l'ETS, on pense à l'industrie et aussi au secteur énergétique, sont ceux où les réductions d'émissions peuvent être réalisées le plus efficacement. Ils doivent donc faire davantage et non moins."
Iwwerdeems géif d'Propos fir gratis Klimazertifikaten d'Investissementer fir d'Dekarboniséierung retardéieren, esou nach d'Camille Maury.
De WWF fäert, datt d’ETS-Reform riskéiert, d’Klimazil vun 2040 ze verfeelen. Andeems méi Zertifikater offréiert ginn, erlaabt d’EU, datt weider zwou Milliarden Tonnen CO2 bis 2040 an d’Atmosphär gelooss ginn, heescht et vun der Ëmweltorganisatioun.
Vergläicher mam PFAS
Änlech wéi bei der proposéierter Dereguléierung vun der Éiwegkeetschemikal PFAS wier dëst e Schrëtt no hanne seet d’Camille Maury.
"Ce qu'on observe au niveau de l'UE à l'heure actuelle, c'est qu'il y a cette tendance en fait de revenir sur les avancées qui ont été faites via ce qu'on appelle le Green Deal européen, donc le paquet vert européen. Et c'est très dommageable parce qu'effectivement du coup on a en fait une révision de toutes les avancées qui ont été faites les cinq dernières années, notamment en matière environnementale et climatique."
Bei der Elektrifizéierung si sech de WWF a Greenpeace net eens
Ee méigleche Liichtbléck wier – WWF no - dogéint den Aktiounsplang fir d’Elektrifizéierung, deen zesumme mat der ETS-Reform vun der EU-Kommissioun proposéiert gouf. Deemno soll zousätzlech zu der Emissiounsreduktioun d’EU bis 2040 zu 46 Prozent elektrifizéiert sinn.
Greenpeace Lëtzebuerg fënnt dat awer op eis Nofro hin net ambitiéis genuch: Op der leschter Weltklimakonferenz gouf festgehal, bis 2035 weltwäit op 35 Prozent Elektrifizéierung ze kommen.
Iwwerdeems wier et, Greenpeace no, essenziell Wunnengen, den Transport an d’Betriber vu Pëtrol a Gas ewechzebréngen.
Mee en Elektrifizéierungszil, dat net duerno kuckt, wéi de Stroum produzéiert gëtt a wéi vill Energie a sämtleche Beräicher verschwent gëtt, géing weder d’Energiekäschte reduzéieren, nach d’Verschmotzung bekämpfen oder Europa méi resistent géint geopolitesch Krise maachen.