arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmweltminister sicht Echange mat Bierger:innen

Klima

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Ëmweltminister sicht Echange mat Bierger:innen

Zu Lëtzebuerg missten déi vulnerabel Stéit a kleng Entreprise gehollef kréie fir sech de Changementer vun enger ekologescher Transitioun unzepassen. An enger breeder Consultatioun, déi bis de 16. Januar dauert, wëllt den Ëmweltminister Serge Wilmes mat de Bierger:innen schwätzen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

An enger Woch fänkt a Brasilien zu Belem d’COP30 un. Un där Klimakonferenz wäerte bis elo just 60 Staatscheffe deelhuelen. D’Zil vun där Konferenz ass et, datt weltwäit d’Zäregasemissioune konkret erofgedréckt ginn, an och datt d’Länner aus dem Süde massiv gehollef kréie fir sech un de Klimawandel unzepassen.

zesumme-vereinfachen.lu

De geplangte Klimasozialplang, dee vum Ëmweltministère an dem Wirtschaftsministère ausgeschafft gouf, soll mat Hëllef vun de Bierger:innen an den Acteuren aus der Ekonomie an der Zivilgesellschaft ënnert d’Lupp geholl ginn. Dowéinst gëtt iwwert den offizielle Site zesumme-vereinfachen.lu eng Diskussioun zum proposéierte Klimasozialplang lancéiert.

E gesäit prinzipiell 48 Moossname fir, déi et de méi vulnerabel Stéit oder klengen Entreprise soll erméiglechen un den Efforte fir d’Zäregasemissiounen erofzedrécken deelzehuelen. 

Et ginn an deem Klimasozialplang konkret Moossname proposéiert,déi souwuel fir d’Sanéierung vun de Gebaier oder fir den Transport, kënnen agesat ginn. 

Een drëtte Volet concernéiert direkt Sozialhëllefen, déi den Impakt vun der Hausse vun der CO2-Steier op fossil Energië  sollen offiederen.

Stéit mat nidderegem Akommes hunn nämlech dacks keng Méiglechkeet selwer iwwert Sanéierungsmoossnamen ze decidéieren, well se eng Wunneng lounen, oder se hunn déi finanziell Mëttel net fir hir Wunneng unzepassen.

Subsiden a Primmen

Dohier dee Mix u Moossname fir engersäits Allocatiounen ze erhéijen oder d’Sanéierung ze fërderen. Zum Beispill gëtt ee Präfinanzement vum Staat proposéiert, d’Stéit bräichten deen Ament d’Zommen, déi se vum Staat rembourséiert kréichen net virzestrecken. 

Aner Moossnamen ewéi d’Hausse vun der Allocation de vie chère oder der Energieprimm sinn och virgesinn. Déi sollen iwwerdeems automatesch de Beneficiairë vum REVIS ze gutt kommen. 

Och d’Installatioun vun engem Guichet unique an deem Beräich soll de Läit hëllefen déi Demarchen ze maachen. 

Wichtegt Element ass awer och d’Harmoniséierung vun de Reegele landeswäit. Bis elo goufen et gréisser Ënnerscheeder tëschent de Gemenge wat d’Autorisatiounen ugeet. An Zukunft sollen déi Krittären iwwerall d’selwecht sinn. 

Wärend där Consultatiounsphase wëllen dann och d’Ëmwelt- an Ekonomiesministèren de 19. November an der Chambre des métiers, dem Public  an den Handwierker d’Prinzippie vun deem Klimasozialplang presentéieren. All Informatiounen an och de Forum kann een iwwert zesumme-vereinfachen.lu fannen.

play_arrow Lauschteren