arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltminister Serge Wilmes: "Subsiden e Schlësselelement fir d'Energietransitioun"

Klimapolitik

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Ëmweltminister Serge Wilmes: "Subsiden e Schlësselelement fir d'Energietransitioun"

Nodeems d’Chamber gëschter unanime fir d’Verlängerung vum Klimabonus Wunnen gestëmmt hat, huet den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes  nach eng Kéier op d’Virdeeler vun de neie Mesuren opmierksam gemaach. Virgesi si jo méi héich Subside fir ënner anerem d’Installatioun vu PV-Anlagen a Wäermepompelen.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© Luca Di Santolo
(Foto: Luca Di Santolo)

Vu nächstem Januar u wäerten dës och kënne prefinanzéiert ginn. De Serge Wilmes huet betount, datt et wichteg wier, d’Klimaresilienz vun de Lëtzebuerger Bierger ze stäerken.

"Dat si jo Schlësselelementer, Subsiden ze ginn, fir datt d'Bierger:inne kënnen déi energeetesch Transitioun maachen, datt se op dee Wee ginn. Dat si jo Investitiounen, déi mer hei verlaange vun eise Matbierger:innen. An dofir ass et esou wichteg, datt eng Regierung zur Säit steet mat attraktive Subsiden, well mir jo gären hätten, datt mer dee Wee ginn, vun der Energietransitioun."

Dat wier ënner anerem wichteg fir d'Klimapolitik, an awer och fir Lëtzebuerg manner ofhängeg vun Importer vu fossilen Energien aus dem Ausland ze maachen, esou nach den CSV-Ëmweltminister.

De Kader fir d'Subside steet

D’Subside wäerte réckwierkend vum éischte Januar u bis Enn 2030 gëllen. Projete mussen awer net zu deem Datum ofgeschloss ginn, Rechnunge bis Enn 2035 wäerte berechtegt ginn an Demandë kënne bis Enn 2039 agereecht ginn.

play_arrow Lauschteren