arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmstriddene Remuneratiounspak vun Dausend Milliarden Dollar gouf ugeholl

Tesla

|
headphones

1 min

Ëmstriddene Remuneratiounspak vun Dausend Milliarden Dollar gouf ugeholl

Dem Elon Musk säin ëmstriddene Rekord-Pak gouf mat 75 Prozent vun de Stëmmen ugeholl. De CEO vun Tesla kéint domat bis zu ëmgerechent 870 Milliarden Euro méi räich ginn.

headphones

1 min

Elon Musk | © picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP
Elon Musk (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP)

Dofir muss den Elon Musk an den nächsten 10 Joer ganz ambitiéis Ziler fir déi amerikanesch Elektroauto-Firma Tesla erreechen. Ënner anerem muss hien de Maartwäert vun Tesla vun haut 1,4 op 8,5 Trilliarden US Dollar erhéijen. An hie muss eng Millioun Taxien, déi ouni Chauffeur fueren, op d'Stroosse bréngen.

Dem Elon Musk säi Remuneratiounspak gouf als ze vill héich kritiséiert. De Verwaltungsrot vun Tesla huet argumentéiert, wann en net géif ugeholl ginn, géif de Musk d'Firma eventuell verloossen, an Tesla kéint sech net leeschten, hien ze verléieren.