arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vott vun ëmstriddenem Gesetz duerch dat verbuede Pestiziden nees sollen erlaabt ginn

Frankräich

|
reading time

2 min

Vott vun ëmstriddenem Gesetz duerch dat verbuede Pestiziden nees sollen erlaabt ginn

Déi Franséisch Assemblée nationale wäert den Owend iwwer déi sougenannt Loi d'urgence agricole ofstëmmen. D'Gauche an Ëmweltverbänn kritiséieren d'Gesetz schaarf. Den Asaz vu momentan verbuedene Pestizide sollen heiduerch ënner anerem nees erlaabt ginn.

reading time

2 min

© picture alliance / blickwinkel/M. Henning | M. Henning
(Foto: picture alliance / blickwinkel/M. Henning | M. Henning)

Am Summer zejoert hate ronn zwou Millioune Persounen eng Petitioun géint déi sougenannte Loi Duplomb ënnerzeechent. De Conseil Constitutionel hat d'Gesetz als net verfassungskonform deklaréiert. Dës Loi d'urgence agricole beinhalt ënner anerem Punkten, déi och schonn an dësem ganz ëmstriddene Gesetz stoungen.

Trotzdeem probéiert d'Droite haut nees dëse Gesetzestext als Loi d'urgence fir Landwirtschaft duerch d'Parlament ze bréngen. Genee wéi d'Loi Duplomb ass och hei nees virgesinn, datt zwou Zorte Pestiziden, déi aktuell a Frankräich verbuede sinn, nees agesat dierfe ginn. An der Europäescher Unioun sinn dës Pestiziden offiziell nach erlaabt.

Asaz vu Pestizide kéint net kloer agegrenzt ginn

Dës Planzeschutzmëttele solle just plazeweis nees dierfen agesat ginn, zum Beispill beim Ubau vun Nëss, roude Rommelen, Äppel oder Kiischten. 

De Verband vun den Dokteren a Frankräich warnt awer, datt dëst gravéierend Konsequenze fir d'Gesondheet vun der Bevëlkerung kéint hunn, well et schwéier wier, dës Mëttelen esou kloer anzegrenzen.

"Gesetz géint d'Gesondheet"

D'Aurélie Trouvé, Deputéiert vun der Lénkspartei LFI, sot de Weekend op France 2, dëst wier ee Gesetz géint d'Gesondheet vun de Kanner.

Nieft dem Asaz vu Pestiziden erlaabt d'Gesetz, un deem den Deputéierte Laurent Duplomb notamment staark involvéiert war, och datt bis 2035 duebel esouvill Waasser an der Landwirtschaft dierf gespäichert gi wéi bis ewell. 

Méga-Bassines

Déi ëmstridde sougenannte Méga-Bassines, fir Waasser ze stockéieren, ginn domadder ënnerstëtzt. Esou soll den Agriculteure gehollef ginn, op d'Dréchent ze reagéieren. Kritiker warne viru Verdeelungskämpf an datt d'Populatioun a méi kleng Betriber hei am Nodeel sinn. 

Sollt d'Gesetz den Owend gréng Luucht kréien, wëllt d'Gauche nees de Conseil Constitutionel aschalten.