Radioen

On air

Notturno  |  Jorge Ben Jor - Taj Mahal

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmmer méi Plaintë wéinst Vergewaltegung

Gesellschaft

Ëmmer méi Plaintë wéinst Vergewaltegung

Ëmmer méi betraffe Persoune maachen eng Plainte wéinst Vergewaltegung. D’Plainten hu sech an deene leschte fënnef Joer verduebelt. Zejoert goufen et 191 Plaintë wéinst Vergewaltegung – dat wieren ëmgerechent am Schnëtt 3-4 Plaintë pro Woch. Ronn een Drëttel vun deene Plaintë si wéinst Vergewaltegung vu Mannerjäregen. Dat geet aus den Zuele vun der Justiz ervir.

auto_stories

4 min

Den éischten Ament kéint ee vun enger Verdueblung vun de Plaintë wéinst Vergewaltegung schockéiert sinn. D’Presidentin vum Planning familial gesäit de Fait, datt méi Plaintë gemaach ginn als eng positiv Entwécklung un. Datt et méi Plaintë ginn, géif net heeschen, datt et méi Vergewaltegunge ginn, mee datt méi Leit sech trauen dowéinst Plainte ze féieren. De Sujet géif zënter der Me-too-Beweegung vun 2017 ëmmer méi an de Medien thematiséiert ginn, a sou hätt sech d’Vue op de Sujet geännert. D‘Gesellschaft wier sech bewosst ginn "datt et ‚net ok ass‘", seet d‘Ainhoa Achutegui.

Spueresécherung ouni Verflichtung zu Plainte

Där Meenung ass och den Thorsten Schwark vum Service Umedo (Unité médico-légale de documentation des violences) – e Service dee fir déi neutral forensech Spuresécherung zoustänneg ass, bei deem déi betraffe Persoun awer keng Plainte muss féieren. D’Dokumentatioune vun de Verletzunge ginn 10 Joer gehalen a kënnen zu engem spéideren Zäitpunkt ugefrot ginn. Och hei géif ee gesinn, datt d’Zuel vun de Fäll klëmmt. Zejoert goufen 22 Patient:innen ënnersicht. Dëst Joer läit d’Zuel am Zäitraum Januar bis September scho bei 20.

"Dass sich mehr Menschen, die Betroffenen, bewusst werden, dass es Wege gibt, sich dagegen zu wehren und dann auch diese Wege zu ergreifen."

Nëmme bei 5 Prozent kënnt et zu engem Geriichtsurteel

Et ginn awer ëmmer nach vill Grënn wisou déi Betraffe sech géint eng Plainte géifen decidéieren, erkläert Ainhoa Achutegui vum Planning familial. Zum Beispill wier de Suivi an der Justiz problematesch, well et meeschtens u Beweiser mangelt. An och d’Verjärungsfrist vun 10 Joer wier am Verglach mat Europa ganz geréng.

D’Zuele vun der Justiz weisen, datt et an de leschte fënnef Joer bei just fënnef Prozent vun de Fäll zu engem Geriichtsurteel koum. Den Thorsten Schwark vum Service Umedo erkläert sech déi geréng Zuel virun allem mat der Problematik vun de Beweiser. Viru Geriicht gëllt d’présomption d'innocence a wann de Fall net kéint bewise ginn, kënnt et och net zu enger Verurteelung. Dowéinst wier grad bei sexueller Gewalt d’Spueresécherung esou wichteg.

"Das heißt also, Sie haben, wenn Sie nicht sofort Maßnahmen zur Spurensicherung ergreifen, nach wenigen Tagen eigentlich sehr schlechte Möglichkeiten, das objektiv zu beweisen, dass überhaupt ein Geschlechtsverkehr stattgefunden hat."

Ouni Spueresécherung géif viru Geriicht Ausso géint Ausso stoen an dowéinst géif et a sou Fäll och eng niddereg Verurteelungsquot ginn.

Konsens: Béid Säite soen aktiv Jo

De Planning familial seet, e wichtege Faktor am Kampf géint sexuell Gewalt wier, de Kanner scho vu klengem un d’Notioun vum Konsens, also dem Averständnis vu béide Säite bäizebréngen. Dat net nëmmen am Kontext vun der Schoul, mee och doheem. Grad well déi meeschten Abuse bannent der Famill géife geschéien, sou d’Ainhoa Achutegui.

"Déi Notioun vum Konsens fänkt domat un, ob een dem Monni e Kussi gëtt oder net. Wann d’Kand net um Schouss vun engem wëll sëtzen an awer gezwonge gëtt, a sou Saachen. Dat sinn déi Notiounen, déi vun Ufank u musse gewise ginn."

De Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit preziséiert an enger schrëftlecher Äntwert, datt déi "stereotypéiert patriarchal Rollebiller an eng Iwwersexualiséierung vun der Fra Nierbuedem vu Sexismus, Machismus an Maskulinismus" wieren, déi d’Gewaltverhale befeieren a justifiéiere géifen. Et misst een also scho fréi am Bildungswiesen usetzen, fir dës Strukturen ze duerchbriechen.

Lauschterenplay_arrow

Wann  Dir Affer vu Gewalt sidd, ginn et verschidde Ulafstellen zu Lëtzebuerg un déi Dir Iech wende kënnt. De Service Umedo ass fir déi akut Spueresécherung zoustänneg et ginn awer och Ulafstellen fir Berodung a psychologesch Ënnerstëtzung.