arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmmer méi Leit maachen een Éischt-Hëllef-Cours

Internationalen Dag

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ëmmer méi Leit maachen een Éischt-Hëllef-Cours

Zu Lëtzebuerg schreiwe sech ëmmer méi Leit fir Éischt-Hëllef-Coursen an. An och d'Offer vu Course klëmmt, esou d’Croix Rouge an de CGDIS haut um internationalen Dag vun der Éischter Hëllef. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D'Leit drop opmierksam maachen, wéi wichteg et ass, an engem Noutfall richteg reagéieren ze kënnen: Dat ass d’Haaptzil haut um internationalen Dag vun der Éischter Hëllef. Dofir freeën d’Acteuren um Terrain sech, datt ëmmer méi Leit Éischt-Hëllef-Course maachen.

Sensibiliséieren an aktiv Reklamm maachen

Dacks hänkt dëst mat obligatoresche Coursen am Kader vun der Arabescht zesummen. Awer och Campagnen, déi aktiv sensibiliséieren, sinn e Grond fir dësen Trend, esou d'Joanne Marcus, Chef de Service vun der Formation public beim CGDIS.

"Déi Kombinatioun aus d'Leit sensibiliséieren an aktiv Reklamm dofir maache mécht, datt einfach méi Leit en Éischt-Hëllef-Cours maachen."

Ëmmer méi Patrone géifen e Certificat vun engem Éischt-Hëllef-Cours froen, deen all fënnef Joer opgefrëscht muss ginn. Dëst huet e ganz einfache Grond, erkläert den Toni Betzhold, Responsabele vum Service de Secours vun der Croix-Rouge.

"Fir datt déi Gesten och verënnerlecht an ëmmer rëm widderholl ginn, an och fir ze léieren oder och ze gesinn, wann et Neierunge gëtt."

Theoretescht a praktescht Wëssen

D'Course sollen een e fir den Eeschtfall virbereeden, an dëst geschitt grad esou gutt op theoretescher, wéi och praktescher Basis.

"Eng Kéier e bëssen theoreetesch natierlech iwwer Häerzinfarkt, Ënnerzocker, Verschlécken, awer natierlech ass och e ganz wichtege Punkt dat Praktescht. Dat heescht, wéi gi mir bei enger Reanimatioun vir? Wéi gi mir beim Verschlécke vir? Wéi maache mir e Verband?"

Esouguer wann ee keen Éischt-Hëllef-Cours absolvéiert huet, kann een am Noutfall hëllefen, D'Schrëtt wiere ganz simpel.

"Als Éischt ass natierlech ëmmer, op eis Sécherheet oppassen, also op sech selwer oppassen. Dann natierlech ëmmer am beschte mol kucken, wat ass iwwerhaapt geschitt, fir sech den Iwwerbléck verschaaft hunn. Natierlech dann direkt och den 112 uruffen."

Mee de Message an de Fokus vun dësem internationalen Dag vun der Éischter Hëllef ass kloer: Duerch en einfache Cours kann ee Liewe retten.

 

play_arrow Lauschteren