Radioen

On air

Notturno  |  Ayizan - Deblozay

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmmer manner Spidolsbetter a franséische Klinicken

4.900 Better manner wéi 2023

Ëmmer manner Spidolsbetter a franséische Klinicken

An de Spideeler a Frankräich geet d‘Zuel vu Better weider zeréck. Bal 4.900 Better fir eng komplett Hospitaliséierung mat Iwwernuechtung goufen zejoert an den ëffentlechen a private Klinicken ofgeschaaft, sou Statistike vum franséische Gesondheetsministère.

auto_stories

1 min

© Cstock / Bigstock
Foto: Cstock / Bigstock

Gläichzäiteg sinn an de Spideeler awer ronn 3.500 Platze bäikomm fir eng partiell Hospitaliséierung ouni Iwwernuechtung. De Gesondheetsministère seet de Réckgang vun de Spidolsbetter mat Iwwernuechtunge géif d‘Tendenz erëmspigelen, fir d‘Soinen méi a Richtung vun ambulante Behandlungen ze reorientéieren.