Warscheinlech muss een op d'mannst bis den Ofschloss vun den Olympesche Spiller waarde bis eng nei Regierung steet, esou d’Agence France Presse.
Eng geschäftsféierend Regierung ka keng Proposen oder Gesetzer méi op de Wee bréngen, kann awer an der momentan onklorer politescher Situatioun a Frankräich och net duerch ee Mësstrauensvott gestierzt ginn. Domat deit sech eng länger Period vu politeschem Stëllstand an eisem Nopeschland un.
De Walgewënner Nouveau Front Populaire konnt sech bis elo jo nach ëmmer net op eng gemeinsam Kandidatur fir d'Amt vum Premier eenegen.