Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage & Pol Belardi - Morphée

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Emmanuel Macron annoncéiert Gespréicher fir nei Regierung

Frankräich

Emmanuel Macron annoncéiert Gespréicher fir nei Regierung

De franséische President Emmanuel Macron huet fir den nächste Freideg d‘Parteicheffen a Presidente vun de Fraktiounen an der Assemblée Nationale an den Élysée-Palais convoquéiert. Zil vun deene Gespréicher wier et, e Premierminister ze nominéieren an duerno eng Regierung opzesetzen, heescht et an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

No de Parlamentswalen Enn Juni, aus deenen de lénken Nouveau Front Populaire als Gewënner ervirgaange war, hat d‘Regierung vum Gabriel Attal de 16. Juli demissionéiert.

De Macron wollt d‘Enn vun den Olympesche Spiller ofwaarden, éier mat de viraussichtlech ganz schwieregen Diskussioune fir d‘Formatioun vun enger neier Regierung ugefaange géif ginn.