Radioen

On air

Time Flies  |  1973

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eminem ënnerstëtzt Kamala Harris

US-Walkampf

Eminem ënnerstëtzt Kamala Harris

Bei den Demokrate mécht de fréiere President Barack Obama elo intensiv Campagne fir d‘Kamala Harris. Den Obama huet zu Detroit eng Ried gehalen, an do koum och de Rapper-Star Eminem op d‘Bün fir ze soen, dass hien d‘Kamala Harris ënnerstëtzt.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Dave Bedrosian/Geisler-Fotopress

Den Donald Trump geheit iwwerdeems der brittescher Labour Partei vir sech illegal an d‘US-Presidentschaftswalen anzemëschen zu Gonschte vun der demokratescher Kandidatin Kamala Harris. Den Donald Trump huet dowéinst eng Plainte bei der Federaler Walkommissioun gemaach.

Hie berifft sech op Medieberichter deenen no Membere vu Labour an d‘USA gereest sinn fir bei der Walcampagne vun der Kamala Harris ze hëllefen. Si wieren dofir och bezuelt ginn, wat illegal ass. D‘Labour Partei huet nach net op d‘Virwërf reagéiert.