arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmgang mat den Epstein-Files: Den Donald Trump geréit weider ënner Drock

USA

|
reading time

1 min

Ëmgang mat den Epstein-Files: Den Donald Trump geréit weider ënner Drock

D'US-Justizministesch Pam Bondi soll all "credibel" Informatiounen am Epstein-Dossier verëffentlechen, mee just "ganz schlecht Leit" wieren dorun interesséiert, esou den Donald Trump. Hien steet wéinst dem Ëmgang mam Dossier Epstein virun allem bei senge MAGA-Unhänger ënner Drock.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Aaron Schwartz
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Aaron Schwartz)

Och de Mike Johnson, de republikanesche President vum Representantenhaus, huet rezent gefuerdert, datt alles am Epstein-Dossier soll oppe geluecht ginn. 

De räiche Finanzier a verurteelte Sexualverbriecher Jeffrey Epstein huet sech offiziell 2019 am Prisong d‘Liewe geholl. Verschwörungstheoretiker behaapten awer, datt hien ëmbruecht ginn ass, fir Dote vun Drëtten ze verschleieren.

Den Epstein hat Kontakter an d‘US-High Society.

Den US-Tech-Milliardär an entretemps Kritiker vum US-President, den Elon Musk, hat virun e puer Woche behaapt, d‘Ënnerlage géifen net verëffentlecht ginn, well dem Donald Trump säin Numm géif dran optauchen. Hien huet keng Beweiser dofir genannt.