Radioen

On air

Moiesstudio  |  Kate Bush - Cloudbusting

play_arrow Live
search

/ Ëmgang mat Plastikgranulat méi streng regléiert

Europäesch Unioun

Ëmgang mat Plastikgranulat méi streng regléiert

Déi 27 Memberstaaten hu sech an der Nuecht op e Mëttwoch op en neit Gesetz gëeenegt.

auto_stories

1 min

©  picture alliance / Martin Grimm | Martin Grimm
(Foto: picture alliance / Martin Grimm | Martin Grimm)

Dëst Gesetz soll verhënneren, datt Plastikgranulat, dat bei der Produktioun entsteet, an d’Natur geréit.

Betriber wäerten an Zukunft mussen opweise, wéi si d’Verschmotzung duerch Mikroplastik reduzéiere wëllen. Der EU-Kommissioun no geroden all Joer bis zu 184.000 Tonnen dovun an d’Ëmwelt. Bis 2030 soll dës Quantitéit ëm 30 Prozent zeréckgoen.