D'Ëmbauaarbechten an der Chamber géifen och esou gemaach ginn, datt d’Chamber - am Fall vun enger Urgence - zu all Moment kéint zesummekommen, huet de Chamberpresident Claude Wiseler am Virfeld vum Trounwiessel erkläert.
"Mee nach si mir frou, wa mir dat elo hanner eis hunn, well et ass awer relativ vill organisatoresch Aarbecht fir alles richteg ze maachen a selbstverständlech wëlle mir och alles richteg maachen a selbstverständlech ass et och ee wichtege Moment fir eist Land."
Am Virfeld vun der Chamber-Rentrée de 14. Oktober huet de Claude Wiseler virun der Press confirméiert, datt d'Comptabilitéit vun der Chamber vun dësem Joer 2025 un och vum nationale Rechnungshaff wäert kontrolléiert ginn. Vun 2026 dann och fir d'Fraktiounen.
Chamber Visiteurszenter geet nächst Joer op
Zënter Mëtt September dëst Joer ginn d’Sitzunge vun 18 Chamberkommissioune live am Internet iwwerdroen. Net vill Leit géifen awer live nokucken, esou de Chamberpresident.
"Tëschent 10 an 100 Leit kucke live no, eng Kommissiounssëtzung. An dat ka sech verzéngfachen, wann et duerno an den Archive ka gekuckt ginn."
Donieft huet de Chamberpresident Claude Wiseler ugekënnegt, datt d’nächst Joer de Visiteurszenter vun der Chamber an der Stad wäert opgoen, am fréieren Haus Gilly, deem fréieren Europahaus, um Eck Rue du Marché-aux-Herbes a Rue de la Boucherie. Do sollen ënner anerem Visiteursgruppen empfaange ginn an et soll am Zenter ee klenge Shop vun der Chamber ginn.