arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gesetzprojet fir Ëmbau vun der Beetebuerger Gare eestëmmeg ugeholl

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Gesetzprojet fir Ëmbau vun der Beetebuerger Gare eestëmmeg ugeholl

Beetebuerg ass d‘Wirbelsail vum Lëtzebuerger Zuchreseau, huet et haut um Donneschdeg an der Chamber geheescht. Do goung et ënnert anerem iwwert de geplangten Ëmbau vun der Beetebuerger Gare. D‘Deputéiert ware sech all eens, datt d‘Gare zu Beetebuerg misst moderniséiert ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Chamberdebatt | © Flickr Chambre des Députés
Chamberdebatt (Foto: Flickr Chambre des Députés)

Deen entspriechende Gesetzprojet fir den Ëmbau vun der Beetebuerger Gare gouf dann och eestëmmeg an der Chamber ugeholl.

36 .000 Voyageuren

Fir den Ëmbau an d‘Moderniséierung vun der Beetebuerger Gare si 426 Milliounen Euro virgesinn. D‘Aarbechte sollen d‘nächst Joer ufänken, a 7 Joer laang daueren. D'Beetebuerger Gare wier den zweetwichtegsten Eisebunnsknuet an eisem Land no der Lëtzebuerger Gare, esou d‘Mobilitéitsministerin Yuricko Backes. All Dag géife 36 .000 Voyageuren d'Gare zu Beetebuerg passéieren. Dovunner klamm der 13 .000 op der zu Beetebuerger an den Zuch oder eraus, heescht et vun der Ministesch.  

Net mei zäitgerecht 

Dës Zuele wäerten nach klammen duerch déi nei Zuchstreck tëschent der Stad a Beetebuerg, un där äifreg geschafft gëtt, an déi 2027 soll fäerdeg sinn. Et wier kloer, datt d‘Beetebuerger Gare an hirer aktueller Form den Uspréch net méi gerecht géif ginn, esou de Rapporter vum Gesetzprojet, den DP Deputéierte Gusty Gras:

"Et ass eng Gare, déi jo net onbedéngt clientsfrëndlech ass. Ee Beispill, een deen am Rollstull ass, huet Schwieregkeete fir ënnert dem Souterrain war op déi eenzel Quaiën ze kommen."

D‘Beetebuerger Gare wäert och op bleiwen a weider funktionéiere wärend den Aarbechten, déi ganzer 7 Joer sollen daueren. De Beetebuerger CSV Deputé-Maire Laurent Zeimet ass ech bewosst, dass dat net einfach wäert ginn.

"Mir sinn eng Kräizung. All Weeër féieren op an duerch Beetebuerg, sief et iwwert d'Stroossen, sief et iwwert d'Autobunnen oder sief et mam Zuch. Dat ass eis Chance. Dat ass awer och heiansdo eis Leed, well mer mat der Verkéierssituatioun mussen eens ginn. "

Nieft der Gedold an den techneschen Erausfuerderungen, fir d‘Beetebuerger Gare, mat hire 4 Quaien, an d‘21 Joerhonnert ze bréngen, huet de Gusty Graas nach op e spezifesche Problem fir d‘Ëmbau-Aarbechten higewisen

Beetebuerg, wier am am Zwee Weltkrich ganz staark bombardéiert ginn, besonnesch an deem Eck wou d'Gare ass, esou de Gusty Graas. Dofier misst am Virfeld detektéiert ginn, ob net nach vläicht fréier Bommen oder Munitioun do leien géifen. 

 "An net méi spéit wéi gëschter ass nämlech an der Proximitéit vun der Gare eng ganz Rei Munitioun nach entdeckt ginn."

Nieft de Ëmbau vun der Beetebuerger Gare gouf an der Chamber haut e weidere Gesetzprojet an Zesummenhang mat der Eisebunn ugeholl: An zwar d‘Finanzéierungsgesetz, fir de neie Kontrakt fir d‘Gestioun vun den Eisebunns-Infrastrukturen iwwert déi nächst 15 Joer. De Käschtepunkt läit do bei 4.77 Milliarden Euro. 

 

 

play_arrow Lauschteren