arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Elon Musk wëllt eege Partei grënnen 

“America Party”

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Elon Musk wëllt eege Partei grënnen 

De Milliardär Elon Musk huet an der Nuecht vu Samschdeg op Sonndeg annoncéiert, datt hien eng eege Partei an den USA ënnert dem Numm “America Party” wéilt grënnen. Eng Partei, déi den US-Bierger:innen hir Fräiheet soll zeréckginn, esou den Elon Musk iwwer X. 

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Elon Musk | © picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP
Elon Musk (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP)

Den Elon Musk hat an de leschte Woche mat där Decisioun gedreet, sollt een dat ëmstriddent Gesetz iwwert de Staatsbudget am Kongress ugeholl ginn.

De fréieren Alliéierten a Beroder vum US-President Donald Trump mécht domat eng kloer Kampfdeclaratioun. 

Sträit tëschent den zwee Männer

Als Beroder vum Donald Trump huet den Elon Musk him eng ganz Rëtsch u kontroverse Moossname proposéiert, déi largement kritiséiert goufen. Eng vun dëse Moossname war beispillsweis d’Sträiche vu Staatsbeamteplazen. 

Virun engem Mount awer gouf et tëschent dem US-President an dem Elon Musk een oppene Sträit. Béid Männer hunn d’Sozialnetzer genotzt fir sech géigesäiteg Virwërf ze maachen. De Musk hat zum Beispill geschriwwen: “Ouni mech hätt den Donald Trump d’Wale verluer.”

Steiergesetz geet Musk net duer

Virun e puer Deeg huet den Elon Musk sech iwwert dat Steier-a Budgetsgesetz opgereegt, dat e Freideg vum Donald Trump ënnerschriwwe gouf. Dat sougenannten ONE BIG BEAUTIFUL BILL-Gesetz géif bei de Staatsdepensen net wäit genuch goen, esou den Elon Musk, dee wesentlech méi streng budgetär Kierzunge gefuerdert hat. 

De Musk huet geschriwwen, datt wann d’Land duerch Verschwendung a Korruptioun an de Staatsbankrott gedriwwe géif ginn, da géifeen net méi an enger Demokratie liewe mee an engem System mat enger eenzeger Partei. 

Wéi eng Roll de Musk an der neier Partei soll spillen, ass net präziséiert ginn. De Musk selwer kann net US-President ginn, Well hien a Südafrika gebuer ass. 

Allerdéngs kéint hien an der US-Politik d’Kaarten nei mëschen, sollt seng Partei eng Rei Sëtzer am Senat oder am Representantenhaus kréien. 

Den Trump huet do nämlech nëmmen eng ganz knapp Majoritéit.

play_arrow Lauschteren