Den zoustännege Riichter huet dës Mesurë wéinst Bedruch, Beaflossung vun der Justiz an engem Ugrëff op déi national Souveränitéit operluecht. D'Police huet déi Entscheedung och schonn an der Residenz vum Bolsonaro zu Brasília ëmgesat.
Dem Jair Bolsonaro gëtt virgeworf, no senger Walnéierlag 2022 eng Chute géint déi nei Regierung vum Lula da Silva geplangt ze hunn.
De Bolsonaro weist all Virwërf vu sech. Ënnerstëtzung kritt hien och vum US-President Donald Trump.