arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ El Niño dëst Joer kéint dee stäerkste vun allen Zäite ginn a massiven Impakt hunn

Klimaphenomen

|
reading time

1 min

El Niño dëst Joer kéint dee stäerkste vun allen Zäite ginn a massiven Impakt hunn

Den El Niño Klimaphenomeen, dee sech grad entwéckelt, wäert dee stäerksten zënter Mënschegedenke ginn, an 2027 wäert dowéinst dat wäermst Joer jeemools ginn. Dat seet zumindest de staatleche brittesche Wiederdéngscht, Met Office.

reading time

1 min

El Nino | © picture alliance/dpa/dpa-infografik GmbH | dpa-infografik GmbH
El Nino (Foto: picture alliance/dpa/dpa-infografik GmbH | dpa-infografik GmbH)

Den El Niño ass en natierleche Phenomeen, den duerch déi vu Mënsche verursaacht Klimaerwiermung verstäerkt gëtt. A verschiddene Regioune verursaacht den El Niño méi waarmt an dréchent Wieder, an an anere Regioun méi fiicht a killt Wieder.

Méiglech Iwwerschwemmungen a Groussbritannien

De Met Office sot iwwer seng laangfristeg Previsiounen, esou eppes hätten si nach ni gesinn. D‘Mieres-Temperatur am Pazifik kéint d‘nächst Joer ëm iwwer dräi Grad klammen, wat et nach ni gouf. Ze erwaarde wieren ënner anerem extreem Dréchenten a Südamerika an dem Westpazifik, an extreem staarke Reen an Iwwerschwemmungen a Groussbritannien.