arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eklat ëm d'Riichterwal fir d'Bundesverfassungsgeriicht

Däitschland

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Eklat ëm d'Riichterwal fir d'Bundesverfassungsgeriicht

Am däitsche Bundestag hätten u sech dës Woch dräi nei Bundesverfassungsriichter solle gewielt ginn. Déi Wal huet awer misse verréckelt ginn, well d’Unioun vun CDU an CSU d’Kandidatin vun der SPD net wollt matwielen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Bundestag | © picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Bundestag (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder)

Fir de Kanzler Friedrich Merz ass d’Affär e Problem – well säi Fraktiounschef Jens Spahn seng Leit offenbar net am Grëff huet.

Et war eigentlech eng ofgemaachte Saach. D’Nimm vun den dräi Männer a Fraen, déi als Riichter un dat héchstent däitscht Geriicht sollte genannt ginn, waren Ufank der Woch vun der Riichterwalkommissioun am Bundestag confirméiert ginn. Gefeelt huet just nach déi offiziell Wal am Parlament.

E Freideg de Moien dunn awer de Schock: D’Spëtzte vun der Unioun deelen hiren SPD-Kollege mat, si missten hir Kandidatin, d’Frauke Brosius-Gersdorf nees zeréckzeien, soss géif d’Unioun sech enthalen an d’Kandidatin domat net gewielt ginn.

Offiziell argumentéiert d’Unioun mat Plagiatsreprochen, déi géint déi renomméiert Juristin opkomm wieren – e Virworf, dee sech als net haltbar erausstellt. Mëttlerweil ass kloer: D’Unioun an hire Fraktiounschef Jens Spahn konnte keng Majoritéit fir d’Frauke Brosius-Gersdorf organiséieren, well si bei den Themen Ofdreiwung an Impfflicht eng éischter lénks Positioun anhëlt.

D’Oppositioun huet net laang gebraucht, fir d’Unioun hefteg z’attackéieren.

Kritik um CDU-Fraktiounschef Jens Spahn

"Einen solchen Vorgang wie diesen ein solches Disaster hat es in der Geschichte der Wahlen zum Bundesverfassungsgericht in diesem hohen Haus noch nie gegeben", sot d’Gréngefraktiounscheffin Britta Haßelmann am Bundestag.

Verantwortlech fir den Desaster ass an den Ae vum B90/Die Grünen an der SPD den CDU-Fraktiounschef Jens Spahn. Deen hätt der Nominéierung vun der Frauke Brosius-Gersdorf zougestëmmt, an net agegraff, wéi seng Leit ugefaang hätten, Stëmmung géint d’Kandidatin ze maachen.

Elo wäert wuel eréischt am September eng zweete Kéier gewielt ginn. Déi schwaarz-rout Regierung geet am Sträit an déi parlamentaresch Summerpaus.

play_arrow Lauschteren