D‘Altersmoyenne vun de Bauere läit bei 55 Joer an nëmmen 19 Prozent hu manner wéi 40 Joer.
Attraktivitéit vum Secteur soll gestäerkt ginn
Fir jonk Baueren ze encouragéieren si siwe strategesch Axen an deem Aktiounsplang virgesinn. Dorënner e Guichet unique fir alles, wat mat der Grënnung oder der Reprise mat engem Bauerebetrib ze dinn huet, e Guide pratique fir jonk Baueren, verstäerkte Finanzinstrumenter fir de Secteur oder och eng Bourse foncière.
Da soll och eng Image-Campagne lancéiert gi fir de Agrarsecteur ze valoriséieren.
Dës Moossname sollen d’Installatioun erliichteren, Projeten ofsécheren an d’Attraktivitéit vum Secteur erhéijen, esou heescht et am Communiqué vum Landwirtschaftsministère.