Radioen

On air

Notturno  |  Ben Stidworthy - Bitter Melon - Cola

play_arrow Live
search

/ Éischt UNO Vollversammlung mat Palästina

Nei Sëtzungsperiod

Éischt UNO Vollversammlung mat Palästina

Palästina huet bei der UNO Vollversammlung fir d‘éischte Kéier seng Plaz geholl. Beim éischten Treffe vun der 79. Sëtzungsperiod vum gréissten UNO-Gremium souz déi palestinensesch Vetriedung fir de Staat Palestina tëscht Sri Lanka an dem Sudan.

auto_stories

1 min

© UN Photo/Eskinder Debebe
Foto: UN Photo/Eskinder Debebe

D‘Palästinenser haten elo nëmmen de Status vun engem Observateur. Am Mee dëst Joer gouf an engem Vott decidéiert, Palästina an den UNO Plenum opzehuelen. 

Si hunn do elo méi Rechter an déi diplomatesch Opwäertung huet och eng grouss symbolesch Bedeitung. Mee d‘Palestinenser si nach ëmmer kee volle Member an hunn deemno kee reguläert Stëmmrecht. Dat war ugefrot ginn, mee ass um Veto vun den USA gescheitert.