Radioen

On air

Moiesstudio  |  Paul Hammelmann

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischt Prognose gesi rout-gréng Allianz virum Geert Wilders

Europawalen an Holland

Éischt Prognose gesi rout-gréng Allianz virum Geert Wilders

Holland ass dat éischt Land, dat bei den Europawale gewielt huet. Éischte Prognosen no gëtt et dobäi e Kapp u Kapp Rennen tëschent der rout-grénger Walallianz an der radikal rietser populistescher Partei vum Geert Wilders.

auto_stories

1 min

Walkabinn | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Dem Geert Wilders seng Partei kéim op 7 vun 31 Mandater, iwwerdeems déi rout-gréng Allianz 8 Mandater kéint gewannen.

U sech war erwaart ginn, datt dem Wilders seng Partei déi Europawale géif gewannen. 

Nach leien awer keng Resultater vir. Déi offiziell Resultater dierfe réischt um Sonndeg den Owend publizéiert ginn, well déi lescht Walbüroen an Italie bis 23:00 Auer ophunn.