Lancéiert gouf d'Plattform vun der ASBL Etika. Dës ASBL huet zum Beispill bei der Schafung vun nohaltege Supermarchéë gehollef, Wandmillen am Land finanzéiert an och kulturell Projeten, wéi Radio Araos ënnerstëtzt.
Fir d'Gemeinschaft
Fir Projeten, déi ze riskant fir klassesch Finanzéierunge sinn, huet Etika d'Crowdfunding Plattform Eticrowd gegrënnt, erkläert de Pedro Antunes vun der ASBL.
De Crowdfunding géif et der Gemeinschaft erlaben, zu Projete bäizedroen, un déi si gleewen. Sou géif ee Gefill vu lokaler Bedeelegung an Ënnerstëtzung gefërdert ginn, erkläert de Pedro Antunes weider.
De Prozess ass einfach: Leit mat Projete kommen op Etika duer, de Kommitee evaluéiert d'Projeten no hirem gesellschaftlechen Impakt. Akzeptéiert Projete ginn op der Eticrowd Plattform virgestallt, wou interesséiert Persoune kënne Spende maachen.
En éischte Projet gëtt et schonn
Momentan fokusséiert d'Plattform sech ausschliisslech op Spenden, mat der Méiglechkeet fir kleng Cadeauen als Géigeleeschtung ze kréien, amplaz vun engem finanzielle Rendement.
Deen éischte Projet op Eticrowd kënnt vun NYKI (Now You Know It), eng Gesellschaft mat engem sozialen Impakt, déi finanziell reduzéiert Coursë fir Lëtzebuergesch Schüler ubitt, mat Tariffer déi no Familljenakommes ugepasst sinn. Dës Initiativ suergt dofir, datt och Famillje mat manner Akommes hire Kanner edukativ Ënnerstëtzung bidde kënnen.