search

/ Éischt Kéier zënter méi wéi 50 Joer: Véier Astronaute Richtung Mound ënnerwee

NASA

|
reading time

1 min

Éischt Kéier zënter méi wéi 50 Joer: Véier Astronaute Richtung Mound ënnerwee

Déi véier Astronaute vun der NASA-Moundmissioun Artemis 2 si mat Succès an de Weltall gestart. D'Rakéit mat der Orion Kapsel ass an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg, kuerz no 00:30 eiser Zäit, vu Cape Canaveral a Florida fortgeflunn.

reading time

1 min

Jeremy Hansen (Kanada), Victor Glover (USA), Reid Wiseman (USA), Christina Koch (USA)  | © EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH
Jeremy Hansen (Kanada), Victor Glover (USA), Reid Wiseman (USA), Christina Koch (USA) (Foto: EPA/CRISTOBAL HERRERA-ULASHKEVICH)

D'Artemis 2 huet d'Ëmlafbunn vun der Äerd erreecht a soll do banne 24 Stonnen zweemol ronderëm d'Äerd dréien. Duerno soll se a Richtung Mound fléien. Et ass déi éischte Kéier zënter méi wéi 50 Joer, datt nees Mënschen a Richtung Mound ënnerwee sinn. 

Moundlandung fir 2028 geplangt

Eng Landung um Mound ass dës Kéier awer nach net geplangt. D'Astronaute sollen an hirer Kapsel ronderëm de Mound fléie fir de Südpol vum Mound en vue vun enger Landung ze erfuerschen. Déi ass fir 2028 geplangt. Déi lescht Moundlandung war am Joer 1972.

Dës Artemis 2 Missioun soll 10 Deeg laang daueren. Déi véier Astronaute sollen dobäi esou wäit ewech vun der Äerd fléie wéi nach ni e Mënsch virdrun. U Bord vun der Kapsel sinn zwee Astronauten an eng Astronautin aus den USA an een Astronaut aus Kanada.