Radioen

On air

Tockcity  |  Father John Misty - She Cleans Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest sti fest

Musek

Déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest sti fest

Zënter de Moie sinn all d’Finaliste fir de Luxembourg Song Contest bekannt. Dëst Joer sinn et der am ganze 7 Stéck: D’Sängerinne Laura Thorn, Mäna a Rafa Ela, de Sänger Luzac an d’Bands One Last Time, Zero Point Five a Rhytmic Soulwave. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Januar decidéiert sech an der Rockhal, wie vun hinne Lëtzebuerg um Eurovisioun Song Contest an der Schwäiz am Mee representéiert. 

Ënnert de Kandidate sinn also bekannt Nimm an awer och nei Gesiichter.

Ugefaange mat de scho bekannten Nimm: D’Band One Last Time an d’Sängerin Rafa Ela haten et och schonn an der leschter Editioun bis an d’Finall vum LSC gepackt. Déi 5 Museker vun One Last Time haten do fir Rockmusik gesuergt. Déi 27 Joer jonk Rafa Ela war deemools an engem Duo opgetrueden, an zwar zesumme mam Angie. Dëst Joer ass et fir si dann eng Solo-Aventure.

Mee och Zero Point Five dierft schonn ee bekannten Numm an der Lëtzebuerger Musekszeen sinn. D’Formatioun gëtt et schonn zënter 15 Joer a war scho vill hei zu Lëtzebuerg, mee och am Ausland op Tour. Hire Stil ëmfaasst Pop, Folk an och Country.

Zu den neien Nimm gehéiert dann d’Formatioun Rythmic Soulwave, déi ee Mix aus klassesche Stécker, mee och Pop a Rock versprécht. Déi 6 Museker hu seech am Stater Conservatoire kennegeléiert an och forméiert.

D’Laura Thorn ass 24 Joer jonk a Gesangsproff am Escher Consevatoire. Si huet Studien am Beräich vum Solfège, mee och am Pop-Gesang gemaach.

D’Mäna ass nach Studentin a bréngt Erfarung aus dem Beräich vun der Orchesterbegkleedung, mee och vum moderne Gesang mat. Zejoert huet si hir éischt eege Single erausbruecht.

De Luzac ass dann de leschten an der Serie vun den neie Gesiichter. Hie beweegt sech eegenen Aussoen no am Beräich vum “urbanen Pop”. Hien huet schonn eng ganz Partie eege Stécker erausbruecht.

Eng international Jury, dorënner fréier Eurovision-Gewënner, huet déi 7 ënnert am ganzen 135 Kandidatinnen a Kandidaten erausgesicht.

De 25. Januar ass et dann déi grouss Finall vun der Lëtzebuerger Preselektioun. Do sinn et dann nach eemol eng aner international Jury an e Vott vum Public, déi e Representant fir Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest am Mee zu Basel bestëmmen.

Lauschterenplay_arrow