arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischt Etapp Gréiwemaacher: “De Sport als Vecteur vum Benevolat”

Tournée duerch d’Land

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Éischt Etapp Gréiwemaacher: “De Sport als Vecteur vum Benevolat”

Déi éischt Etapp vum Grand-Duc Guillaume senger Tournée duerch d‘Land war an der Mëttesstonn zu Gréiwemaacher. „De Sport als Vecteur vum Benevolat“ war do d‘Theema. An um Fussballsterrain am Stadion "op Flohr" hu Kanner a Jonker aus fënnef Sportsclibb dem Grand-Duc Guillaume gewisen, wat se kënnen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© SIP
(Foto: SIP)

D‘Wiss um Fussballsterrain, wou sech alles ofgespillt huet, war plätschnaass. De Wand huet d’Barrièren ëmgehäit, an et huet riicht era gereent.

Eng Stonn virum Grand-Duc senger geplangter Arrivée war d‘Gréiwemaacher Buergermeeschtesch Monique Hermes drop an drun, alles ofzesoen. Mee dunn huet d‘Wieder sech e bësse berouegt.

“Mir hunn e bësselchen ëm geplangt, datt mir d'Atelieren, déi mir maachen, méi no bäigeholl hunn, datt een net muss de ganzen Zäiten iwwert d'Grass lafen, mee et kann definitiv alles gemaach ginn ewéi geplangt.”

Déi jonk Sportler:innen hunn net laang gezéckt fir dem neie Staatschef ze weise, wat se kënnen – vertruede ware Clibb am Handball, an der Liichtathletik, am Dëschtennis an am Fussball.

Spektakulär war och den Optrëtt vum Gréiwemaacher „Red Lions“ Taekwondo.

Ee grousse Moment

Och de Publikum op där iwwerdaachter, dréchener, Tribün war houfreg, datt Gréiwemaacher déi éischt Etapp vum Grand-Duc senger Tournée war. 

“C‘est un honneur effectivement. C 'est sympa qu‘il vient ici, effectivement.”

Net alles ass zu Gréiwemaacher komplett no Plang ofgelaf. Zum Schluss huet de Grand-Duc improviséiert. de Guillaume ass bei d‘Leit, déi laanscht d‘Gelänner stounge gaangen, fir Moien ze soen.

Mat vill Applaus goung domat zu Gréiwemaacher déi éischt Etapp vum Grand-Duc Guillaume senger Tournée duerch d‘Land op en Enn.

play_arrow Lauschteren