Den néien CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz sot, de Sozialdialog nees ze beliewen wier eng vun de Prioritéite vun der Regierung.
E weidere Sujet an der Diskussioun war ënnert aanerem d’CGFP-Bedeelegung um “Comité permanent du travail et de l’emploi” CPTE.
Wéinst Differenze mam fréieren Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo haten d’Gewerkschaften den CPTE verlooss. Den CSV-Politiker Georges Mischo war am Dezember zréckgetrueden.