Och wann d‘LUGA eriwwer ass, esou sollen e puer vun de ville verschiddene Gäert uechter d‘Stad stoe bleiwen. Dat am Sënn vun der Nohaltegkeet, déi jo och ee Kärelement vun der Ausstellung war.
"Jo, et ass eng Entscheedung mam Schäfferot a mam Ministère de l'Agriculture getraff ginn, fir ze kucke wat fir eng Gäert kéinte bleiwen. An ech mengen, dass do mat de Servicer vun der Stad Lëtzebuerg, mat der Politik eng richteg gutt Decisioun geholl ginn, déi Gäert déi bleiwen, strukturéiere weider den Dall ënnen op eng flott Aart a Weis."
D‘Decisioun, wéi eng Gäert bleiwe gouf och scho geholl. Wéi eng dat sinn, wollt d‘Ann Muller awer net verroden. Fir déi aner Gäert wier virun 10 Deeg een Appell lancéiert ginn. Et wéilt een näischt "fortpuchen".