Radioen

On air

Notturno  |  The Delfonics - Baby I Love You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Een neie Rekord: 13 Lëschte fir d'Europawalen

Europawalen

Een neie Rekord: 13 Lëschte fir d'Europawalen

Eng Rekordzuel vun 13 Kandidatelëschte gëtt et dës Kéier fir d’Europawalen. Am Virfeld vum Walsonndeg den 9. Juni war um Donneschdegmëtteg an der Cité Judiciaire d’Auslousung vun de Lëschtennummeren. Een traditionelle Rendez-vous viru Walen.

auto_stories

1 min

Lëschten | © Serge Kesseler
Foto: Serge Kesseler

D’Lëscht "Oppositiounsbeweegung Mir d’Vollek" trëtt mat der Nummer 1 un, Volt Lëtzebuerg mat der 2, d’LSAP mat der Lëschtennummer 3, Fokus mat der Nummer 4 an d’KPL d’Kommunisten huet d’Lëschtennummer 5 zougeloust kritt.

"Déi Konservativ – d’Fräiheetspartei" trëtt mat der Nummer 6 un, Déi Lénk mat der Nummer 7, d’DP mat der Nummer 8, d’ADR mat der Lëschtennummer 9 an déi nei Lëscht "Zesummen – d’Bréck" huet de Mëtteg d’Nummer 10 zougeloust kritt.

D’CSV huet fir d’Europawalen a knapp zwee Méint d’Lëschtennummer 11, déi gréng d’Nummer 12 a fir d’Piratepartei ass et d’Lëschtennummer 13.

Bis gëschter Owend war Zäit fir Kandidatelëschten ze deposéieren.