An der grousser Sportshal, déi nach ëmmer e bëssen no "nei" richt, ass ee gréissere Grupp amgaangen, hannerrécks mat den Aen zou iwwert eng hëlze Bänk ze goen. Dat soll den zukünftege Polizistinnen a Polizisten dobäi hëllefen, hirt Gläichgewiicht zu verbesseren, seet hire Sportsproff Patrick Meneguz.
"Et kann och geschéien, datt se dobaussen a Situatioune sinn, wou et wichteg ass, gutt Gläichgewiicht ze hunn, an dofir maache mir progressiv esou Übungen, déi dann ëmmer e bësse méi schwéier sinn, fir datt se dann dat Gläichgewiicht do beherrschen.“
E puer Meter weider gëtt grad ee Cours iwwer de Jugendschutz ofgehalen.
Keng Schüler:innen, mee Aarbechtskolleegen
Och wann de Sall hei keng Tafel a Bänken huet, erënnert den Opbau dach e bëssen un dee vun engem Klassesall am Lycée: Déi Ronn 30 Schüler:inne setzen niewenteneen a Reien, de Proff steet vir an erkläert. An d’Freed ass genee esou grouss, wa Paus ass.
Den aktuell eelsten "Police-Schüler" huet 42 Joer. Ënnert deene Ronn 180 Stagiaires-Fonctionnaires, déi viru gutt fënnef Méint an der Policeschoul ugefaangen hunn, sinn der eng gutt Partie dobäi, déi schonns virdru geschafft hunn. Dorënner och de Morgan, dee virdru Giischtjen am Prisong war. Et géif ee sech och net als "Schüler:inne" gesinn, mee als Aarbechtskolleegen, déi eng Formatioun maachen.
Keen einfache Schrëtt
Mat 33 Joer nees an d’Schoul ze goe war fir de Morgan am Ufank net einfach.
"Et kënnt vill op een duer, wann een esou laang net méi an der Schoul war. Et huet een awer de Virdeel, datt d’Formateuren engem hëllefen. Datt och Klassekomeroden, déi da frësch aus der Schoul kommen, engem Tipps an Tricks gi fir mat op de Wee."
Säi Liiblingsfach: "Alles wat Sport ass", seet de Morgan.
Den obligatoresche Sportstest fir bei der Policeschoul ugeholl ze gi war deemno fir de Morgan kee Problem. Anescht war dat beim Joana, dat virdrun als Educatrice am Psychatries-Beräich geschafft huet.
"Mee ech hunn dat awer hikritt. Dat heescht, sou wäit sou gutt."
Dës Woch sinn Infoseance
Dee ganze Recrutemensprozess wier immens opreegend gewiescht, erënnert sech d’Joana. Ugefaang mam Staatsexamen. Duerno dann d‘Sportstetser, Sproochentexter, Civic, Psycho an den Interview mat der Policeschoul. Zu gudder Lescht dann de Sportsdokter, deen ee fir apte oder inapte erkläert.
Knapp siwe Méint heescht et elo nach fir d’Joana a de Morgan d’Schoulbänk drécken. Duerno geet et fir déi zwee op den Terrain fir hire Stage vun engem Joer. Wann alles gutt geet, si si no deenen am ganzen zwee Joer prett fir den Asaz.
Déi verschidden Etappe vum Recrutementsprozess kënne sech Intresséierter dës Woch vun der Police selwer op hiren Infostänn erkläre loossen. Infoseance gëtt et haut um Dënschdeg nach zu Gréiwemaacher, e Mëttwoch zu Dikrech an en Donneschden zu Déifferdeng, jeeweils um 5 Auer Nomëttes.
"E gudde Mix"
An eiser Emissioun "Den Hallwer Néng" war den Direkter vun der Policeschoul, de Fabio Santomauro, zu Gaascht. Hien huet ënner anerem iwwert den Undeel u Frae geschwat, déi an der Policeschoul sinn. D'Verdeelung wier ongeféier 75 Prozent Männer, a 25 Prozent Fraen, esou den Direkter vun der Policeschoul.
"Et muss ee wëssen, datt een um Terrain jo och Missiounen huet, wann ee lo laang vun enger Kierperduerchsichung schwätzt oder esou, wou et wichteg ass, datt mir awer e gesonden Equiliber hunn. Dat heescht, och eis freet et, datt mir ëmmer méi weiblech Kandidaten hunn, déi dee Wee och traue fir an d'Policeschoul."
Erfarungsgeméiss melle sech virun allem jonk Leit an d'Policeschoul: Fënnef vu sechs Schüler sinn ënner 30 Joer al, ee vu sechs awer och iwwer 30. De Fabio Santomauro erkläert, datt mat der neier Reform d'Altersgrenz vu 35 Joer ofgeschaf gouf, an dat géing ee bei der Police och begréissen.
"Ech mengen, Lëtzebuerg lieft vu senger Diversitéit, an doduerch ass et ëmsou méi wichteg, datt mir verschidde Profiller hunn, déi Liewenserfarung hunn, Beruffserfarung an awer och Jonker, déi aus de Lycéeë kommen. Dofir hu mir e gudde Mix."
Innerhalb vun der Police géing et eng 100 verschidden Aufgabe ginn, sou datt déi Vielfalt vu Leit och gebraucht gëtt, esou nach de Policeschouldirekter.