arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eege Leit bewerfen de Javier Milei mat Steng a Fläschen

Argentinien

|
headphones

1 min

Eege Leit bewerfen de Javier Milei mat Steng a Fläschen

Den argentinesche President Javier Milei gouf bei enger Walkampfveranstaltung mat Steng a Fläschen ugegraff. Hie wier net blesséiert ginn, sot e Regierungsspriecher.

headphones

1 min

© EPA/JUAN IGNACIO RONCORONI
(Foto: EPA/JUAN IGNACIO RONCORONI)

Manifestanten hu Steng a Fläschen op de President geworf. Der Agence France Press no wieren d'Manifestante gréisstendeels Leit aus dem President sengem eegenen Entourage gewiescht.

Si wiere rose mam Javier Milei, well hien an eng Korruptiounsaffär verwéckelt ass, esou d'AFP.