Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ee weidere Blo Helm gouf am Libanon blesséiert

Noen Osten

Ee weidere Blo Helm gouf am Libanon blesséiert

Am Noen Oste goungen d‘Ugrëff och gëschter um Jom Kippur, dem héchste jiddesche Feierdag, weider. Ee Mataarbechter vun den UN-Friddenstruppen, déi sougenannt Blo Helmer, wier am Süde vum Libanon blesséiert ginn. Dee 5. bannent zwee Deeg.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Stringer
Foto: picture alliance/dpa | Stringer

Hie wier ugeschoss ginn, mee vu wiem ass nach onkloer.

Israel kämpft am Libanon weider géint d‘Hisbollah-Miliz. D‘Blo Helmer hu refuséiert, fir hir Positiounen am Süde vum Land ze verloossen a weider nërdlech ze réckelen, esou wéi d‘israeelesch Arméi et verlaangt.

Israel mellt iwwerdeems nei Ugrëff aus dem Libanon op seng Küstestad Haifa. D‘Hisbollah Miliz hätt eegenen Aussoen no mat Dronen eng Militärbasis do viséiert. Se wieren awer ofgefaange ginn, esou d‘israeelesch Arméi. Meldungen iwwer Blesséierter oder Schied ginn et net.