arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ee vun 100 Doudesfäll ass e Suizid

WHO

|
headphones

1 min

Ee vun 100 Doudesfäll ass e Suizid

Aus engem neie Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun geet ervir, datt sech all Joer 727.000 Mënschen d’Liewen huelen. Selbstmord ass déi drëtt heefegst Doudesursaach bei Jonken tëschent 15 a 29 Joer. Dat an alle Länner an an alle sozio-ekonomesche Kontexter.

headphones

1 min

Logo vun der WHO | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
Logo vun der WHO (Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

D‘Selbstmord-Versich sinn nach méi heefeg.

D‘WHO warnt, datt d‘Efforte weltwäit fir de Taux u Suiziden ze reduzéieren, net duer ginn.

D‘Zil vun der UNO ass, fir deen Taux bis d‘Joer 2030 ëm een Drëttel erofzekréien.