D’Sëtzung war op haut, Méindeg verréckelt ginn. Um Enn vun de Budgetsdiskussioune sot d’Elodie Decker vun der DP, et hätt een zesummen no Léisunge gesicht, an et géif ee mengen, der fonnt ze hunn.
E schwieregt Joer fir de Gemengerot
Si war awer och kloer:
"Dat hei war wierklech sou den Ultimatum: elo oder net."
Och de Ken De Sousa vun der LSAP huet vun engem schwierege Joer geschwat, an deem ee sech schwéier gedoen hätt. Elo géif et gëllen, zesummen ze schaffen. De Sven Schaul vun der Biergerinitiativ Gemeng Dippech huet dogéint op, wéi hie sot, weiderhin ënnerschiddlech Aussoen an der Press higewisen.
"Wat erëm eng Kéier zeugt, dass Der all an déi nämmlecht Richtung zitt an awer am Krees danzt."
Trotz enger "katastrophaler Atmosphär am Schäfferot", géif rout-blo weidermaachen, wéi wann näischt wier.
"E Réckgrat wéi e Gummibärchen"
An haut géif et ausgesinn, wéi wann alles gutt wier.
"Ech kann do nëmme staunen. Ech géif soen, e Réckgrat wéi e Gummibärchen, an et geet monter an d’Joer 2026."
D’LSAP/DP-Koalitioun géif virun allem weisen, wéi ee Politik net maache sollt, de Schäfferot wär net eescht ze huelen an et wär him net ze trauen, soudatt d’Biergerinitiativ géint de Budget stëmme géif.
Aus deene selwechte Grënn huet d’CSV-Oppositioun och Neen dozou gesot. Soudatt déi zwee Votten - fir de rectifizéierte Budget 25 an de Budget 26 - mat 7 Jo- zu 4 Neen-Stëmmen ausgoungen.
Subsid léist Gemidder héich kachen
Penibel gouf et beim Punkt vun engem Subsid fir d’asbl “Vivre ensemble dans la commune de Dippach”. Och hei gouf et ferm Kritik vum Sven Schaul, deen Transparenz vermësst, déi d’Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller awer gi gesäit. Déi zwee hu sech doropshi verbal an d’Hoer kritt.
"Ech sinn nach net fäerdeg. - Dach, Dir sidd fäerdeg. - Mir sinn hei an engem Gemengerot, a mir kann een d’Wuert hei net huelen. - Dir sidd fäerdeg."
Mat néng Jo- an zwou Neen-Stëmme gouf den entspriechende Subsid um Enn adoptéiert. Am nächste Gemengerot dierft et dann d’selwecht monter weidergoen.