arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ee Joer Prisong wéinst Opruff zum Haass a Minimiséiere vum Holocaust

Justiz

|
headphones

1 min

Ee Joer Prisong wéinst Opruff zum Haass a Minimiséiere vum Holocaust

E Joer Prisong an eng Geldstrof vun 1.000 Euro: Dozou gouf um Donneschdegnomëtteg um Stater Geriicht e Mann verurteelt, deem Opruff zum Haass a Minimiséiere vum Holocaust virgehäit gi war.

headphones

1 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels
Cité judiciaire (Foto: Laura Paredis / Pexels)

De Condamnéierten hat sech tëschent Februar 2018 a Mäerz 2019 op WhatsApp antisemittesch a rassistesch geäussert an och Nazisymboler an Hitler-Biller gebraucht. De Parquet hat dofir 18 Méint Prisong an eng Geldstrof verlaangt.

De Mann war iwwregens 2016 scho wéinst Brandstëftung zu 3 Joer Prisong, 2 dovu mat Sursis, verurteelt ginn.