Um Stater Geriicht gouf et um Donneschdeg de Mëtteg eng relativ däitlech Äntwert op d’Fro, ob een ze bestrofen ass, wann een antisemittesch a rassistesch Messagen op WhatsApp verschéckt.
E Mann, deem ënnert anerem Opruff zum Haass virgehäit gi war, gouf nämlech zu enger Prisongsstrof vun engem Joer an zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro verurteelt.
Antisemittesch a rassistesch Äusserungen op WhatsApp
Hien hat sech tëschent Februar 2018 a Mäerz 2019 op WhatsApp antisemittesch a rassistesch geäussert an hien hat och Nazi-Symboler an Hitler-Biller gebraucht. Problematesch fir de Condamnéierten ass, datt hien 2016 scho wéinst Brandstëftung zu 3 Joer Prisong, zwee dovu mat Sursis, verurteelt gi war.
Deemno steet nach e Sursis vun där Strof op, deen duerch dëst neit Urteel fale géif, wéi de Me Brian Hellinckx, Affekot vum Ugekloten, constatéiert huet.
“Ech muss mech mat mengem Client concertéieren, mee op alle Fall wieren nach ëmmer Exécutions des peinë méiglech, ouni datt elo feste Prisong géif obligatoresch sinn. Mee jo, dat spillt definitiv."
Den Affekot mengt iwwerdeems säi Client hätt "net vill ze verléieren", wann de Mann géif an Appell goen.
Affekot hat Fräisproch gefrot
An der Sëtzung viru gutt zwou Wochen hat de Me Brian Hellinckx op Fräisproch vu sengem Client plädéiert, well hei d’Meenungsfräiheet ze schütze wier. Och hätt et keng Publicitéit vun de Faite ginn, well de WhatsApp-Grupp zou gewiescht wär.
Dogéint hat d’Vertriederin vum Parquet wéinst Opruff zum Haass a Minimiséiere vum Holocaust 18 Méint Prisong an eng Geldstrof verlaangt. D’Riichtere sinn deemno méi där hirer Argumentatioun nokomm, wat den Affekot enttäuscht an net zefridde stellt, genee sou wéineg wéi warscheinlech säi Mandant.
“Soudatt mer warscheinlech awer an d'Richtung vun engem Appell wäerte goen, ouni datt ech mech elo kann hei awer prononcéiere fir mäi Client. Mee op alle Fall: Eng fest Prisongsstrof wäerte mer net wëllen a Kaf huelen. An och einfach fir de Prinzip (...) misst een do an Appell goen.”
Dat fir vun der Cour eng kloer Jurisprudenz kréien, wat privat ass, wat public ass, a wat erlaabt ass a wat net, esou den Affekot.
Dat hei wier nämlech an engem hallef zouene Kader op WhatsApp geschitt, esou de Me Brian Hellinckx. Dee gehofft hat, datt dat Gepoustent als privat an net als ëffentlech Messagë géif ugesi ginn, dat net d’Zil gehat hätt, zum Haass opzeruffen.