D‘Richterin huet d‘Demande zeréckgewisen, well d‘Argumentatioun fir déi Demande hir net wäit genuch geet.
Iwwerdeems soll de 5 Joer ale Bouf, dee mat sengem Papp virun 2 Woche vun ICE zu Minneapolis festgeholl gi war, an deem säi Bild uechter d‘Welt goung, fräikommen. Dat huet e Geriicht am Texas decidéiert.
D'Decisioun fir d‘Verhaftung hätt op enger schlecht duerchduechtener Regierungsstrategie baséiert, fir d‘Immigratiounszuele wëllen ze drécken, esou d‘Argumentatioun vum Gericht.