arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Ech wollt mech fir d’Klass asetzen" – 7e Schüler:innen iwwerhuele Verantwortung

Lycée Michel Rodange

|
headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow

"Ech wollt mech fir d’Klass asetzen" – 7e Schüler:innen iwwerhuele Verantwortung

Am Lycée Michel Rodange an der Stad sollen d’Septièmessschüler:inne matbestëmme kënnen. D’lescht Woch huet déi éischt Reunioun vum neien Delegéierterot stattfonnt. Do sollen all d’Klassendelegéiert vun de Septièmesklassen Problemer a Léisunge fir hiren Alldag an der Schoul diskutéiert.

headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Et ass déi éischte Kéier, datt alleguer d‘Delegéiert vun de Septièmesklassen an dëser Form an engem extra Klassesall zesummekommen. D’Schüler:innen am Alter vun 12 bis 13 Joer wierken an dëser éischter Reunioun zimmlech motivéiert, asazbereet, voller Iddien a virun allem och net schei, fir sech auszedrécken. Esou zum Beispill hei d’Kristina an de Matthias.

"Ech hu mech gemellt, well ech menger Klass wollt hëllefen dat ze expriméieren, wat si wollte soen an esou hinnen ze hëllefen an der Schoul ze hëllefen eppes ze amelioréieren."

"Ech wollt mech fir d'Klass asetzen, wann et ee Problem gëtt.“

Am Virfeld vun der Reunioun goufen an de Klasseréit scho verschidden Theeme beschwat a sortéiert. Doropshin hu sech fënnef Haaptuleiessen erauskristalliséiert, an zwar: d’Fënnef-Minutte-Pausen, d’Schoulmaterial, Hausaufgaben- a Prüfungszäiten, d’Liewen um Campus, an d’Iessen an der Kantin.

Déi Jugendlech solle sech a 5er-Gruppen opdeelen an dës Theeme beschwätzen, an dann duerno d’Problemer, mat och schonn den entspriechende Léisungsvirschléi, zesummen un der Tafel festhalen.

Demokratie liewen

Schonn d’lescht Joer war d’Léierpersonal fir dëse Projet a Formatioune vum Zentrum fir politesch Bildung. Zil ass et, d’Matsproocherecht an Demokratie ze liewen, mee och d’Roll vum Delegéierten ze stäerken, esou d’Educatrice a Responsabel vun dësem Projet Léa Friedrich.

"Léieren, datt si fir hir Klass eng Stëmm hunn, datt si déi sollen ausdrécken an och e bëssen, och d'Demokratie hinnen och bäizebréngen, nozebréngen."

"Esou jonk an dynamesch gi si net méi an hirem Liewen"

Den Ament gëtt sech bei dësem Projet just op d’Septièmesklasse konzentréiert, fir eben deene Jéngsten am Lycée e Raum ze ginn, sech ze expriméieren an nei Iddie matzebréngen, seet den Direkter Jean-Claude Hemmer:

"Esou jonk an dynamesch a méi spontan gi si eigentlech net méi an hirem Liewen. Dofir ass et net oninteressant ze héieren, wat si soen."

Gläichzäiteg kommen d‘Schüler:innen och all aus ënnerschiddleche Primärschoulen. A verschiddene géif et och scho Réit, änlech wéi deen heite ginn, esou de Jean-Claude Hemmer. Deemno kéint een am Lycée dee Prinzip viruféieren. 

"An ëmgedréint si sinn elo nei hei. Dat heescht, do si vläicht Saachen, déi eigentlech hei kéinte besser gemaach ginn."

Klasserot virun all Vakanz

An den zéng Septièmesklasse schéngt et och net un Engagement gefeelt ze hunn, fir jeeweils zwee Delegéiert ze fannen. Et hätte sech der vill gemellt, esou datt souguer eng Wal organiséiert huet misse ginn, erzielt eng vun de Regenten, d'Elodie Decker.

Zënter dësem Schouljoer huet hir Septième ee reegelméissege Klasserot agefouert, fir sech eben op d’Reunioune vum Delegéierterot virzebereeden.

Dee fënnt all Freidegmëtteg virun enger Vakanz statt. An deene sechs Wochen tëschent de Vakanze sollen d‘Schüler:inne sech Sujeten iwwerleeën, déi si wëllen diskutéieren. Dat schreiwe si dann op Ziedelcher, déi si an eng Këscht geheien. 

"Si preparéiere sech eigentlech e bëssen op dee Klasserot an da wäerten ech eeben déi Ziedelen aus an ech maache Kategorien an da gëtt doriwwer diskutéiert wärend deem Klasserot."

Realistesch Propose fir Frust ze vermeiden 

Fir d’Brainstorming-Sessioun haut erwaart sech den Direkter Jean-Claude Hemmer realistesch a relevant Proposen. 

“Ech wëll och net, datt si herno frustréiert sinn, an datt si mat Saache kommen, wou gesot gëtt: Dat do kënne mir egal wéi hei net decidéieren.”

Um Enn vum Treffe goufe sechs vun den 20 Delegéiert designéiert, déi mat den ausgeschaffte Proposen an engem nächste Schrëtt bei d’Direktioun wäerte goen.

Zesumme mat der Ënnerstëtzung vun zwee Representanten aus dem Schülercomité vum Lycée Michel Rodange sollen d’Wënsch an d’Virschléi fir d’Verännerungen dann an dëser nächster Etapp nach eemol mat der Direktioun no Prioritéit sortéiert an evaluéiert ginn. Dat mam Zil, si esou wäit wéi méiglech dann och ëmzesetzen.

play_arrow Lauschteren