Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  D’Relioun an hire Géigestand

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Georges Mischo: „Ech kann net verschwannen, wann ech net do war“

Aarbechtsrecht a Caritas

Georges Mischo: „Ech kann net verschwannen, wann ech net do war“

Sechs Minister:inne sinn um Mëttwochmoie fir eng Kommissioun zesummekomm, wéinst der Affär ronderëm d‘Caritas. Net mat dobäi war den Aarbechtsminister Georges Mischo. Dobäi ass eng vun de gréisste Froen, bei der Transitioun vu Caritas zur HUT asbl déi, ob d‘Aarbechtsrecht respektéiert gouf oder net.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Iwwer déi Fro ka just d‘Aarbechtsgeriicht tranchéieren, betount de Georges Mischo am 100,7-Interview. D‘Aarbechtsinspektioun, d‘ITM, kann iwwerdeems just een Avis ginn. Déi hätt ee Gespréich mam Christian Billon, dem President vum HUT-Verwaltungsrot, gehat. Dat nodeems den OGBL eng Plainte gemaach huet, wou d'Caritas Mataarbechter:innen déi nei Kontrakter ënnerschriwwen hunn. 

D‘ITM kann opgrond vun hiren Observatiounen eng Recommandatioun mee keen Avis un d‘Aarbechtsgeriicht ginn. Aus Conclusioun vun der ITM kënnt eraus, datt et kéint sinn, datt et een Transfert d‘Entreprise hätt solle sinn, erkläert de Georges Mischo. Och den Aarbechtsminister selwer, hätt déi Impressioun.

Nëmmen d'Ministèren aus der cellule de crise goufen invitéiert

An d‘Kommissioun gëschter Moie goufen iwwerdeems just déi Ministèren invitéiert, déi och an der Cellule de Crise sinn, erkläert de George Mischo. Hie selwer ass net an där Cellule de Crise an ass dofir och net invitéiert ginn. Virun der Kommissioun hätt hien dem Premier Luc Frieden all d‘Informatiounen iwwer d‘Aarbechtsrecht geliwwert. Souwuel d‘Oppositioun, wéi och säi Parteikolleeg Marc Spautz kritiséieren, datt vun der Caritas op déi nei asbl HUT een transfert d‘entreprise hätt solle gemaach ginn.

De Lénke Politiker Marc Baum huet iwwerdeems kritiséiert, datt den Aarbechtsminister verschwonne wier. De Georges Mischo fënnt et „ulkeg“, datt hien ëmmer nees vum Marc Baum attackéiert gëtt. Hie kéint „net verschwannen, wann ech net do war“, esou den Aarbechtsminister.

Den Interview mam Georges Mischo lauschterenplay_arrow

De Franz Fayot, als President vun der zoustänneger Kommissioun seet iwwerdeems, datt et eng Decisioun vum Luc Frieden war, datt den Aarbechtsminister net sollt dobäi sinn. Den LSAP-Politiker, erklärt an der Invitatioun fir d’Kommissioun wier kloer gewiescht, datt et em d’Aarbechtskontrakter bei der Caritas an d’Transitioun vu Caritas zu der neier asbl HUT gaange wier.

Just de Premier selwer wier explizit invitéiert ginn. Dofir wier et ëmsou méi speziell, datt deen Aarbechtsminister behaapt hien hät eng speziell Invitatioun solle kréien. 

"De Premier ass gëschter komm, mat 5 anere Ministeren, an deen ëm deen et am Fong haaptsächlech gaangen ass, den Aarbechtsminister dee war net derbäi."

Et misst ee sech froen, wat do schif gelaf ass, fënnt de Franz Fayot.

De Premier huet des Ausso iwwerdeems bis elo nach net bestätegt.