Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ “Ech invitéieren de President Trump Europa net ze vergiessen”

Luc Frieden

“Ech invitéieren de President Trump Europa net ze vergiessen”

Am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung huet de Premier Luc Frieden deem zukünftegen US-President Donald Trump fir säi Resultat felicitéiert. Och mat dësem President misst ee sech gemeinsam an der Welt fir d’Grondrechter asetzen, wënscht sech de Luc Frieden.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Luc Freiden | © Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

D’USA wieren ee wichtege bilaterale Partner an ee wichtegen Handelspartner. Dowéinst wéilt Lëtzebuerg säi Bäitrag leeschten, fir déi transatlantesch Relatiounen an den nächste Joren ze verdéiwen, huet de Premier ugekënnegt. „An do ass d‘NATO ee wesentlechen Deel dovun“, sou de Luc Frieden.

Lëtzebuerg fuerdert fairen Handel

Bei ville globale Froe géif ee gären enk mat den USA zesumme schaffen. Et wéilt ee sech awer och dofir asetzen, datt et keng nei Handelskonflikter ginn, huet de Luc Frieden op Nofro hi gesot. “Mir hätte gären ee fairen Handel mat Amerika”, an dofir wäert Lëtzebuerg sech asetzen, esou de Wonsch vum Premier.

"Mir wäerten net op de Knéien do rutsche fir eppes ze froen, mee mir hätte gären, datt Lëtzebuerger an europäesch Entreprisen an Amerika Accès zu deem Marché hunn, zu deene selwechte Konditioune wéi anerer."

Lëtzebuerg wëll net méi wéi 2 Prozent fir d'Defense ausginn

No der Walvictoire vum Republikaner Donald Trump an den USA, rechent de Premier Luc Frieden net domat, datt Lëtzebuerg méi wéi bis elo geplangt, zousätzlech fir d’Defense muss ausginn. Bis 2030 wéilt Lëtzebuerg pro Joer zwee Prozent vu sengem Revenu National Brut fir d‘Defense ausginn. „Ech mengen doriwwer eraus gesinn ech eis net eraus goen“, sou de Luc Frieden.

Onofhängeg vun de Walen an den USA wier et awer wichteg, datt Europa sech selwer déi Mëttele gëtt, déi et bräicht fir bannent der NATO prett ze sinn, fir sech – wann néideg - ze verdeedegen.

Lauschterenplay_arrow