Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Let In Outside

play_arrow Live
search

/ EZB kënnegt eng weider Baisse vum Leetzëns un

Vun 3,75 op 3,50 Prozent

EZB kënnegt eng weider Baisse vum Leetzëns un

Déi europäesch Zentralbank setzt d’Zënsen nach emol erof: No enger éischter Zënsbaisse am Juni huet d‘EZB haut decidéiert, dee wichtegste Leetzëns nach emol ëm 0,25 Prozentpunkten erof ze setzen, op elo 3,5 Prozent. Dat huet d’EZB de Mëtteg zu Frankfurt matgedeelt.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Dat bedeit an der Reegel och, datt d‘Banken och hir Zënsen op Prêten an Immobiliekreditter nach emol wäerten erofsetzen.

Déi nei Zënsbaisse war wéinst dem Réckgang vun der Inflatioun erwaart ginn. D’Inflatioun am Euroraum loung am August bei 2,2 Prozent. D’EZB strieft mëttelfristeg en Zil vun 2 Prozent un.

Weider imminent Zënsbaissen huet d’EZB Presidentin Christine Lagarde awer nach net an Aussiicht gestallt. Op enger Pressekonferenz de Mëtteg huet si och d’Wuesstemsprevisiounen an der Eurozon liicht no ënne revidéiert op 0,8 Prozent dëst Joer, an 1,3, respektiv 1,6 Prozent, d’nächst an iwwernächst Joer.

Als Grënn fir déi méi lues Reprise huet d’EZB Presidentin manner Konsum bei de private Stéit genannt an e Réckgang bei den Immobilieprêten an am Bausecteur.