D‘Ekonomie bannent der EU géif moderat wuessen an d‘Infaltioun géif noloossen heescht et vun der EZB-Cheffin Christine Lagarde. Bannent engem Joer huet d‘EZB de Leetzëns halbéiert.
Nach Fréijoer zejoert louch dee bei 4 Prozent.
Dee wichtegste Leetzëns, deen och d’Zënsen op Prête wäert beaflossen, läit also weider op 2 Prozent. Zënsbaissë féieren am normalen dozou, datt Kreditter méi bëlleg ginn. Banke kënnen doduerch méi gënschteg Geld bei der Zentralbank léinen.