Radioen

On air

Notturno  |  Ayizan - Deblozay

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ “EVP spillt ee geféierlecht Spill”

ANALYS

“EVP spillt ee geféierlecht Spill”

Am Europaparlament gëtt et Diskussiounen iwwer de sougenannte cordon sanitaire vun de pro-europäesch Parteie géintiwwer deene vum rietsextreme Bord. D’EVP hat an engem Vott iwwert eng Resolutioun zum EU-Budget fir e puer Amendementer gestëmmt, déi vun Extreem riets koumen. Wat stécht hannert deem Vott? Aschätzungen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Beim Vott dee leschten Donneschdeg goung et em eng Resolutioun iwwert d’Positioun vum Parlament iwwert den EU-Budget. Déi Resolutioun gouf dono net ugeholl, wëll d’Sozialisten, déi Liberal, déi Gréng an déi Lénk net méi prett waren, den Text mat ze droen. Dat nodeems d’Europäesch Vollekspartei verschidden Amenendementer, déi vun de riets-extremen Fraktiounen am Parlament agereecht goufen, mat gestëmmt hat. 

Wéi wichteg war dee Vott iwwerhaapt?

Wierklech wichteg war dee Vott net, et geet ëm d’Positioun vum Parlament zum nächsten EU-Budget. Déi Positioun gouf an de grousse Punkte festgehalen, den Text vun der Resolutioun ass am Fong ee politesche Begleet-Pabeier, mat deem de Negociateur vum Parlament an d’Verhandlungen mat de Memberlänner geet. Et ass keng Mussesaach a keen Drama, wann et dee Pabeier net gëtt.

Ëmsou méi kann ee sech allerdéngs froen, firwat d’EVP sech hei esou verhalen huet.

Si wousst, datt et hei zu Reaktioune bei hire pro-europäesche Koalitiounspartner kéim.

Huet d‘EVP gemeinsam Saach mat de Rietsextreeme gemaach?

Jo an nee. Et gouf 77 Amendementer zu deem Text. An et sinn och nach laang net all déi vum rietsextreeme Bord duerchgaangen.

Bei dräi dovu war dat awer de Fall, si kruten um Enn doduerch, datt d’EVP dofir gestëmmt huet, eng Majoritéit.

De Reproche vun der pro-europäescher Koalitioun aus Sozialisten, Liberalen a Gréngen ass deen, datt ee sech am Fong am Virfeld iwwer eng Partie Formuléierungen eens gi war an datt dono awer d’EVP Ännerungen matgedroen huet, déi esou net virgesi waren. Domat hätt d‘EVP den urspréngleche Kompromëss gekippt, sou d’Kritiker.

Wourëms geet et dann do inhaltlech gesinn?

Konkret geet et em Ännerungen am Abschnitt iwwert d’Migratioun. Do sollt zum Beispill bäigesat ginn, datt d’EU un de Baussegrenze physesch Barrièren adequat finanziell ënnerstëtze soll. Dat stoung esou net am initialen Text. Bäigesat gouf och, datt d’Mise en Place vu Bausselager fir d’Retoure sollt envisagéiert an och finanzéiert ginn. An et geet ëm den Ausbau vun der Grenzagence Frontex.

Dat si Punkten, déi fir déi Gréng, fir d‘Sozialisten a fir Deeler vun de Liberale rout Dicher sinn.

Gouf d’EVP vun de Riets-Extremen erageluecht?

D‘Ännerungsvirschléi, em déi et hei geet, decken sech effektiv mat der Positioun, déi d’EVP an engem Pabeier vru kuerzem esou formuléiert hat. Dowéinst kéint een unhuelen, datt déi riets Fraktiounen dat express esou gemaach hunn.

Si hu sech nom Vott iwwert d’Resultat gefreet, sou zum Beispill den ADR-Europadeputéierten Fernand Kartheiser

Ob elo d’EVP hei wierklech erageluecht gouf, ass schwéier soen. Fakt ass, datt sech d’EVP grad an der Migratioun an enger ganzer Partie Punkten inhaltlech mat der Droite iwwerschneit. Si steet do a verschiddene Punkten méi no u rietse Bord - ewéi bei hiren eigentleche Koalitiounspartner.

D’Argument, et hätt een, well een inhaltlech hannert deenen Amendementer steet, missen dofir stëmmen, ass awer eent, wat d’Strooss net hält. Bei esou Texter gin ëmmer virdrun Kompromësser ausgehandelt tëscht deenen, déi zesummeschaffe wëllen, also mat de politeschen Alliéierten. Do hätt een kloer kënne soen. Dat dote stëmme mir net mat, ebe wéinst deenen Allianzen.

Steet d’CSV hannert der EVP?

D’CSV steet an dësem Fall hannert der EVP, wat een an deem Mooss erstaune kann. Ee Beispill sin déi schon ugeschwaten Grenzzénk, also physech Barrièeren oder Infrastrukturen.

D‘Isabel Wiseler Lima hat am 100,7-Interview am Februar kloer gesot, si wier just an absolutten Ausnamefall dofir. Vun enger Ausnahm steet awer näischt an deem Amendement, trotzdeem huet si dofir gestëmmt. De Premier Luc Frieden hat sech déi lescht Woch skeptesch par rapport zu Laager fir refuséiert Demandeurs d’Asyle baussent der EU ausgeschwat. Och hei hunn d’CSV-Euroadeputéiert awer dofir gestëmmt.

Dorop ugeschwat huet d’CSV-Deputéiert drop verwisen, datt si (am Contraire zu anere Leit an hirer Fraktioun) géint een aneren Amendement gestëmmt huet, an deem vun “Mauere” geschwat gouf. Si wollt domatt kloer maachen, datt d’CSV-Europadeputéiert net an all Punkt fir déi Proposen, déi vun där rietser Säit koumen, gestëmmt huet. D‘Fro bleift awer op, firwat een hei huet missen oder wëllen déi aner Amendementer vun Extrem Riets ënnerstëtzen.

Wat ass dann d’Strategie vun der EVP? 

Den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel schwätzt vun enger “Alternativer Majoritéit”. Et ass de Moment awer nach ze fréi fir dat definitiv behaapten ze kënne. Dat wat den Ament geschitt, ass, datt d’EVP deenen anere weisen wëll: Mir kënnen och ouni Iech Majoritéite fannen. 

Mee dat ass ee geféierlecht Spill. Eent wou et eventuell net einfach wäert ginn, dono iwwerhaapt Gesetzer duerchzekréien.

Et ass och Spill, an deem sech d’EVP de Reproche gefale loosse muss, datt si dofir suergt, datt dëst Parlament weider no riets réckelt. Mee dat ass jo och vläicht de Plang.

Lauschterenplay_arrow