Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Hot Chip - Eleanor

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EUGH verstäert Schutz vum Wollef a Spuenien

Europäesche Geriichtshaff

EUGH verstäert Schutz vum Wollef a Spuenien

Den europäesche Geriichtshaff verstäerkt de Schutz vum Wollef a Spuenien. Wann den Zoustand vun de Wëllef op nationalem Plang schlecht wier, dierft net einfach an eenzele Regiounen, an deenen et hinnen e bësse besser géif goen, weider Juegd op de Wollef gemaach ginn, esou d‘Urteel. 

auto_stories

1 min

Wollef | © Federico Di Dio / Unsplash
Foto: Federico Di Dio / Unsplash

Soubal sech eng Déierenaart an engem ongënschtegen Erhalungszoustand géif befannen, missten déi zoustänneg Autoritéite Moossnamen ergräifen, datt et der Déiere-Populatioun an Zukunft erëm gutt soll goen, esou weider d‘Urteel

Hannergrond vum Urteel ass ee regionaalt Gesetz a Spuenien, dat et erlaabt huet de Wollef an enger bestëmmter Regioun a Spuenien ze joen. Dat verstéisst dem europäesche Geriichtshaff no géint d‘EU-Recht.