arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU wëllt russescht Verméigen op Dauer afréieren - Nach steet d'Belsch am Wee

EU-Kommissioun

|
headphones

1 min

EU wëllt russescht Verméigen op Dauer afréieren - Nach steet d'Belsch am Wee

Dat russescht Verméigen an der EU soll permanent hei agefruer bleiwen. Dat hunn d‘EU-Memberlänner um Donneschdegmëtteg zu Bréissel an engem Vott festgehalen.

headphones

1 min

D‘EU-Kommissioun wëllt déi agefruere russesch Staatsgelder notze fir de Finanzbedarf vun der Ukrain ze decken. 

D‘Memberlänner hunn eng juristesch Basis geschaf, datt déi Suen ni méi u Russland zeréckgi ginn. Dat huet déi dänesch EU-Presidence matgedeelt.

Veeto vun ënner anerem Ungarn verhënneren

Konkret geet virun allem drëm ze verhënneren, datt e Land wéi Ungarn mat engem Veeto géint EU-Sanktioune kéint erreechen, datt déi agefruere Gelder fräigesat géife ginn.

Déi Sue vun der russescher Zentralbank sinn am Moment duerch Sanktiounen agefruer, déi all 6 Méint eestëmmeg verlängert musse ginn.

All Aen op d'Belsch

Dës Decisioun soll nach virum EU-Sommet d‘nächst Woch ugeholl ginn. A bis dohi wéilten d‘Staats- a Regierungscheffen och de belsche Premier Bart de Wever iwwerrieden, zouzestëmmen. Ouni d‘Belsch wier et schwéier, dat ëmzesetzen, well déi meeschte russesch Fongen an der Belsch stinn.

Déi belsch Regierung huet bis elo blockéiert.