De Sécherheetsrot vun der UNO hat e Méindeg d‘Resolutioun vum US-President Donald Trump ugeholl, mam Waffestëllstand, deen den 10. Oktober a Kraaft getrueden ass.
Deen Accord gesäit och fir, datt nom Echange vun de Geiselen an de Prisonéier, d‘Gazasträif demilitariséiert an d‘Grenze verstäerkt géife ginn. Dat duerch neutral Forcen.
Am Moment sinn nach ëmmer eng 7.000 Polizistinnen a Polizisten an der Gazasträif, déi vun der palestinensescher Autonomieautoritéit bezuelt ginn.