arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU wëllt Import-Stopp vu russeschem Gas vun 2028 un

EU-Energieministeren

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

EU wëllt Import-Stopp vu russeschem Gas vun 2028 un

Vun 2028 u soll kee russesche Gas méi dierfen an d’EU importéiert ginn. Dofir hu sech haut um Méindeg d’Energieministeren aus den EU-Länner op hirer Reunioun um Kierchbierg ausgeschwat.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Gasspeicher | © picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
Gasspeicher (Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

Trotz dem Krich an der Ukrain an de Sanktioune géint Russland ass weider russesche Gas an der Héicht vu Milliarden an d’EU agefouert ginn. Domat soll Schluss sinn: D’Majoritéit vun de 27 Ministeren huet haut fir ee Reglement gestëmmt, an deem een Import-Stopp bis Enn 2027 festgeschriwwen ass. 

Slowakei an Ungarn gesi keng Alternativen

Net all Land war dofir. D’Slowakei an Ungarn hänke béid weider vu russeschem Gas of a betounen, datt si den Ament keng Alternativen dozou hunn. Déi zwee Länner goufen awer haut vum Rescht iwwerstëmmt.

Déi grouss Majoritéit vun de 27 Länner ass dofir, datt kee russesche Gas méi soll an d’EU importéiert ginn.

Virun allem Flësseggas ass betraff

D’EU hat schonn een Importverbuet fir russesch Kuel a Pëtrol ausgeschwat. Bis elo awer net fir Gas, vun deem och nach ëmmer grouss Quantitéiten - virun allem als Flësseggas (LNG) - an d’EU geliwwert goufen.

An der éischter Hallschent vun dësem Joer ass Eurostat no russeschen LNG am Wäert vu 4,5 Milliarden Euro an d’EU agefouert ginn. Zejoert hätte Gasliwwerungen aus Russland nach ëmmer ee Fënneftel vun allen Importer ausgemaach.

Am Europaparlament wëllt ee scho vum 1. Januar 2027 un - also ee Joer méi fréi - den Import vu fossiller Energie aus Russland verbidden. Op déi Positioun hat sech d’Parlament déi lescht Woch gëeenegt.

D’Parlament an d’Memberlänner mussen elo ee Kompromëss aushandelen.

Accord méiglecherweis um EU-Sommet

Et kéint allerdéngs schonn zu engem Verbuet vu Flësseggas kommen, ier een Accord vu béiden Institutioune virläit. D’EU verhandelt den Ament iwwer ee weider Sanktiounspak géint Russland. Zu deem Pak gehéiert och de Verbuet vu russeschem LNG vun 2027 un.

En Accord iwwer deen 19. Sanktiounspak kéint dës Woch um EU-Sommet vun den EU Staats- a Regierungscheffe fonnt ginn. Dat sot d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas. 

play_arrow Lauschteren