Radioen

On air

Tockcity  |  Snow Patrol - Everything's Here And Nothing's Lost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU verurteelt Ugrëff op europäesch Ambassaden am Kongo

No deeglaangen Demonstratiounen

EU verurteelt Ugrëff op europäesch Ambassaden am Kongo

D‘EU huet den Ugrëff op Ambassaden am Kongo verurteelt: Ambassadë misste geschützt ginn, esou d‘EU-Chef-Diplomatin Kaja Kallas. D‘Ugrëff koumen an der Suite vun deeglaange schwéiere Kämpf duerch d‘Rebellemiliz M23 am Oste vum Kongo.

auto_stories

1 min

Kaja Kallas | © European Union
Kaja Kallas (Foto: European Union)

Vun den Ugrëff betraff sinn offiziellen Informatiounen no d‘Ambassade vu Frankräich, Holland an der Belsch. An der Géigend vun e puer Ambassadë géifen et den Ament gewalttäteg Demonstratioune ginn, esou de belschen Ausseministère.

Antëscht géif d‘Lag sech awer schéngen ze stabiliséieren. Et hätt och zu kengem Moment eng Gefor fir d‘Mataarbechter:innen oder Visiteure bestanen.

D‘Belsch war ënner dem Kinnek Leopold II. Kolonialmuecht am Kongo an huet do mat brutaalste Methode regéiert.