An Ungarn huet sech do zum Deel och duerchgesat. Et wieren effektiv dräi Nimm vun der Sanktiounslëscht gestrach ginn, dat sot op Nofro hin d‘Carole Ensch, Spriecherin vun der permanenter Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der EU. Ëm wéi eng Nimm et sech handelt huet si awer net preziséiert.
Net méi op der EU-Sanktiounslëscht
Der däitscher Noriichtenagence dpa no, wier ënnert anerem de russesche Geschäftsmann Wjatscheslaw Mosche elo net méi op der EU hirer Sanktiounslëscht. Radio Free Europe nennt nach zwee weider Nimm: Nämlech de russesche Sportminister Mikhail Degtyaryov an d‘Gulbahor Ismailova, Schwëster vum Oligarch Alisher Usmanov, déi elo och net méi op der EU hirer Sanktiounslëscht wieren.
Fir d‘Verlängerung vun de Sanktioune war Unanimitéit néideg. An et war net déi éischte Kéier, datt Ungarn mat engem Veeto gedreet huet an domat déi aner 26 EU Länner ënnert Drock bruecht huet.
Lëtzebuerg gouf verklot
D‘Positioun vu Lëtzebuerg, bei dësen urgente Verhandlungen um Niveau vun den EU-Ambassadeuren, ass offiziell net bekannt. Mee d‘Financial Times hat behaapt, Lëtzebuerg géif d‘Fuerderung vun Ungarn ënnerstëtzen, fir och de russeschen Oligarch Mihkail Fridmann vun der EU-Sanktiounslëscht erofzehuelen.
De Mihkail Fridmann hat Lëtzebuerg zejoert verklot a Schuedenersatz vun iwwer 15 Milliarden Euro gefuerdert, well Lëtzebuerg d‘EU Sanktiounen applizéiert a säi Verméigen agefruer huet.
Keng Reaktioun vum Luc Frieden
Op Nofro hi krute mir vum Premier Luc Frieden kee Commentaire iwwert dës Behaaptung vun der Financial Times, datt Lëtzebuerg op deem Punkt Ungarn ënnerstëtzt hätt.
D‘EU-Sanktioune géint Russland sinn elo mol fir eng weider 6 Méint verlängert ginn. Mee datt d‘EU, wéi et schéngt, hei Concessionnaire vis a vis dem pro-russeschen Ungarn gemaach huet, deit un, datt et weider schwiereg fir d‘EU kéint ginn, an der Fro vu Sanktioune géint Russland, an der Ënnerstëtzung vun der Ukrain, eng Unanimitéit zesummen ze kréien.
Méi Informatiounen iwwer d'Sanktioune fannt Dir hei.